Connect with us

Questions parlementaires

Tropenholz um Fond-de-Gras – Nofro

Een Tageblatt-Artikel vum 19ten Oktober hat rezent den Asaz vun Tropenholz bei den CFL thematiséiert. A menge parlamentaresche Fro n° 4181 an  4410 war ech och schonn op dëst Thema agaangen. Am Fonds-de-Gras zu Péiteng gouf een hëlzent Trapepodest mat Tropenholz gebaut, mee d’Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte konnt mir net op meng Froen äntweren, well de Projet net vun hirem Ministère duerchgefouert gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf fir dat hëlzent Trapepodest um Fonds-de-Gras zu Péiteng dat afrikanescht Birenholz Baillonella toxisperma (Moabiholz) genotzt?  1. Falls jo: firwat ass fir dëse Podest Tropenholz agesat ginn? War dat wierklech néideg? 2. Falls nee, wéi een Holz gouf genotzt?

  2. Kann den zoustännege Minister den Zertifikat (FSC oder PEFC) presentéieren, dee weist, dass d’Holz vun dësem Podest nohaltëg ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5060

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert