Questions parlementaires
Mann urinéiert op ee Policeauto
Op de soziale Medie zirkuléiert ee Video, op deem ze gesinn ass, wéi ee Mann um Belval géint ee Policeauto urinéiert. Op de Biller ass och d’Plackennummer vum Policeauto ze erkennen. Esou ee Verhalen géintiwwer der Police ass respektlos an dierf an engem Rechtsstaat net einfach toleréiert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann de Minister d’Echtheet vun dësem Video bestätegen an ass dëse Virfall der Police bekannt?
Konnt déi betraffe Persoun identifizéiert ginn a gouf géint si eng Plainte gemaach respektiv ee Protokoll erstallt?
Mat wéi enge Strofen muss dës Persoun rechnen?
Wei oft kommen esou Virfäll géint Police vir an wéi huet sech di Zuehl iwwert déi lescht 5 Joren entwéckelt?
QP Nummer 5058
