Connect with us

Questions parlementaires

Äntwert op eis Fro: „Lëtzshop“ Concurrence déloyale?

Question parlementaire N” 529 du 19 mars 2019 de Monsieur le Député Marc Goergen

D’Konte vum Geschäftsjoer 2018 waerten um 20. Mee 2019 op der Assemblée générale vum GIE „Luxembourg for Shopping“ presentéiert ginn an duerno, sous réserve dass d’Assemblée générale dës och guttheescht, am RCSL déposéiert ginn. No dësem Dépôt waerten d’Konten dann och ëffentlech zougänglech sinn.

De Finanzéierungsmodell vu Letzshop stellt keng déloyal Konkurrenz fir privat Online-Verkafsplattformen duer an dëst direkt aus e puer Grënn :

1′ Diskrepanz tëschent Offer an Nofro.

Ewéi schonn an der Antwert op déi parlamentaresch Ufro N* 380 illustréiert, besteet am Online-Geschëft zu Lëtzebuerg eng grouss Differenz tëschent der Nofro vun de Clienten an der Offer vun eise lokale Betriber. De Lëtzebuerger Marché huet an dëser fundamentaler Fro deemno versot. Hei kann een aiso vun aussergewéinlechen Ëmstann schwatzen, déi d’Agrâife vum Lëtzebuerger Staat berechtegen.

Wann déi positiv Konsequenze vun enger ëffentlecher Moossnam eng potentiell Konkurrenzverfaischung iwwerweien, erlaben d’Artikelen 106-109 vum Vertrag iwwer d’Fonctionnement vun der Europâescher Unioun eng Staatshëllef ze accordéieren. Dëst ass beim Projet Letzshop de Fall.

Duerch Letzshop gëtt ee „service d’intérêt économique général“ offréiert, deen et an dar Form virdrun zu Lëtzebuerg net gouf. Dëst kënnt virun allem de Bierger ze gutt, déi weiderhin vun engem innerstàdtesche Commerce an enger dynamescher lokaler Offer profitéieren kënnen, sief dat online oder am Geschàft selwer.

2° Ëffentlech Ausschreiwung

Fir d’Entwécklung vun der Marketpiace Letzshop ass eng ëffentlech Ausschreiwung vum Staat gemaach ginn. Ail Acteur aus dem Secteur hat aIso déi selwecht Chance sech kënnen un dëser Ausschreiwung ze bedeelegen.

3* Multichannel-Verkaf

Ech wëll nach drop hinzeweisen, dass Letzshop dem Lëtzebuerger Handel keng Internet-Sâiten erstellt, ma dass Letzshop just eng Internetpiattform ass, op dar d’Geschâfter hier Produkter zum Verkaf ubidden an dësen och selwer ofwéckelen. D’Equippe vum GIE weist systematesch hir Clienten op d’Wichtegkeet vum „Multichannel-Selling“ hin. An deem Kontext bidden si op der Sait academy.letzshop.lu ee Répertoire vu sâmtleche Web-Agencen un fir déi Betriber, déi nieft hirer Bedeelegung bei Letzshop.lu, och eng eegen, op hier Bedierfnisser ugepasste Websait fir den online Handel entwéckele wëllen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert