Connect with us

Questions parlementaires

Bauland am Besëtz vum Staat: wat gouf gebaut, wat gëtt gebaut?

D’Ministeren haten 2021 op enger Pressekonferenz d’Rapporte vum Observatoire de l’Habitat virgestallt, déi besoen, dass hei zu Lëtzebuerg nach 3.732 Hektar Land fir de Wunnengsbau kéinte benotzt ginn an deemno Platz fir 142.000 Wunnenge fir 300.000 Persoune wier.  Weider goung aus der Nott n°29 ervir, dass d’ëffentlech Hand – also de Staat, d’Gemengen an d’ëffentlech Bauträger a Fongen – ronn 505 Hektar Bauland besëtzen, mat deem ee groussen Deel vun deenen 142.000 ugekënnegte Wunnengen hei am Land gebaut kéint ginn. 2021 wollte mir an der parlamentarescher Fro n°5313 vun de Ministere wëssen, wéi déi vill Baulandreserve vum Staat genotzt ginn. D’Ministere konnte mir heizou leider net vill Zuele liwweren: ““Am Mee 2022, wann de Monitoring vum Pacte Logement 1.0 ofgeschloss ass, wäert et méiglech sinn ze wëssen, wéi vill Bauland innerhalb vun deene Gemenge consomméiert ginn ass, déi beim Pacte Logement matgemaach hunn an déi eng CDA, IVL oder Standard-Konventioun ënnerschriwwen hunn. Doriwwer eraus verfüügt d’Regierung net iwwert déi gesamt Informatiounen fir méi präzis ob dës Fro ze äntweren.. Ee vun de Ziller vum Raum+ ass fir kënnen, a Zukunft, esou Informatiounen ze liwweren.“” Haut huet de Logementsministère de Bilan vum Pacte Logement 1.0. presentéiert: ““Dans ce contexte, quelques 5.200 logements abordables auraient dû être créés. Malheureusement, par manque de mesures contraignantes et d’instruments de contrôle, il n’existe à ce jour pas de moyens pour vérifier combien de ces logements sont effectivement aujourd’hui des logements abordables.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vum Staat sinn, goufen zënter der Aféierung vum Pacte Logement 1.0. bebaut? 

  2. Wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vum Staat sinn, sinn aktuell nach net bebaut? 

  3. Op wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vum Staat sinn, ginn de Moment bebaut?

  4. Fir wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vum Staat sinn, leit nach kee PAP vir?

  5. Fir wéi vill Hektar Bauland, déi am Besëtz vum Staat sinn, leien nach keng Baugeneemegunge vir?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7242

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert