Connect with us

Questions parlementaires

Ofbréch vun de Schüler an de Muséksschoulen

D‘ Museken an de Museksunterrecht hunn eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft. Vill Gemenge sinn houfreg op hir Museken an hir Museksschoulen. Net all Schüler, deen an de Solfège geet oder ufänkt en Instrument ze léieren, mëscht awer seng Coursë fäerdeg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schüler hunn d’Muséksschoul, also entweder de Solfègen oder den Instrumentenunterricht, an deene leschte 5 Joer ugefangen (opgelëscht no Joer)?

  2. Wéi vill Schüler hunn d’Museksschoul, also entweder de Solfège oder den Instrumentenunterricht, an deene leschte 5 Joer no deenen éischten 3 Méint ofgebrach (opgelëscht no Joer)?

  3. Wéi vill Schüler hunn d’Museksschoul, also entweder de Solfège oder den Instrumentenunterricht, säit September ofgebrach?

  4.  Huet de Minister Informatiounen zu de méigleche Grënn, firwat esou vill Schüler ofbriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7237

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert