Connect with us

Questions parlementaires

Zuchfrequenzen am Norden vum Land

D’Regierungspartei vum Här Mobilitéitsminister huet a Social Media Posten ugekënnegt, dass d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November géife mat erhéichter Frequenz fueren. Mengen Informatiounen no, sinn awer haut op mannst op verschiddene Linnen, net vu méi Busse gefuer. De Bus n°170 ass haut, laut Mobilitéitsapp, innerhalb vun de Spëtzestonnen all 30 Minutte gefuer an ausserhalb vun dësen nëmmen eemol d’Stonn. Ugekënnegt waren awer all 15 Minutten ee Bus an de Spëtzestonnen, an all 30 Minutten ausserhalb vun dësen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn d’Linnen 179, 170, 174, 146 an 153 ab dem 28ten November an enger verstäerkter Frequenz gefuer?   • Wa jo, wéi eng Linnen?  • Wa nee, firwat net?

  2. Ab wéini sollen déi an dem Social Media Post ugekënnegt Ännerunge kommen (opgelëscht no Linn)? (Linn 179 (+170) Cliärref-Ettelbréck: Tëscht Maarnech an Ettelbréck gëtt den 30-Minutten Takt an de Spètzestonnen op e 15-Minutten Takt erhéicht. Linn 174 Elwen-Hengescht-Ettelbréck: Zousätzlech Busser méi fréi a méi spéit, an de Spètzestonnen elo och bis op Ettelbréck. Linn 146 Wooltz-Géisdref-Kautebaach: Elo besser op d’Zich zu Kautebaach ofgestëmmt a méi Bus-Kapazitéit. Linn 153 Housen-Holztem-Kautebaach: D’Horaire ginn un den Zuch gepasst. Schülertransport: Besser Verbindungen an eng nei Buslinn aus dem Raum Wooltz an d’Akerbauschoul. Quell: Facebook DG Norden)

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7251

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert