Connect with us

Questions parlementaires

D’Äschen vu verstuerwene Matmënschen an Urnen doheem behalen

Am Gesetz vum 1ten August 1972 an den dozou gehéierende Reglementer ass festgehalen, dass d’Äsche vu Verstuewenen nëmmen dierfen op ausgewisene Plazen opgehuewe ginn. De Gemengerot ka mam Averständnis vum Inneministère Plazen dofir op engem Gemengekierfecht designéieren. De Buergermeeschter/-esch huet d’Recht, fir d’Verstreeë vun den Äschen och op privaten Terrain z’erlaben. Et ass awer net erlaabt oder op mannst net gängeg, fir d’Äsche vun enger verstuerwener Persoun doheem an enger Urn ze halen, sou wéi dat a verschiddenen anere Länner de Fall ass. Fir vill Matmënschen, déi ee geléifte Mënsch verluer hunn, wier et wichteg, wa si de Choix géife kréien, fir d’Äsche vun hiere geléifte Matmënschen bei sech doheem dierfen halen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Artikel 3 vum vum Reglement vum 21te Juni 1978 (relatif à la dispersion des cendres) steet Folgendes dran:  ““Nonobstant les dispositions de l’article 2, alinéa 1, le bourgmestre peut autoriser selon le voeu du défunt la dispersion des cendres sur une parcelle de terrain située dans la propriété d’un particulier ou à tout autre endroit.“ ” Wéi sinn d’Termen „dispersion“ & „tout autre endroit“ vum Artikel 3 vum Reglement vun 1978 ze verstoen? Kann een dës Termen esou interpretéieren, dass et méiglech wier, fir d’Äschen an enger Urn op engem Privatterrain ze halen? Kann ee mam aktuellen Text d’Äschen vun enger verstuerwener Persoun an enger Urn behalen, falls ee Buergermeeschter/-esch d’Autorisatioun dofir gëtt?

  2. An enger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3609 vun 2018 hunn déi deemoleg Ministeren Dan Kersch an Lydia Mutsch geschriwwen, dass d’Gesetzgebung geschwënn misst un d’Entwécklung vun der Gesellschaft ugepasst ginn. Et ass awer bis haut nach net zu enger Ännerung vun de Reegele komm. Ginn et scho konkret Aarbechten bannent de Ministèren, fir d’Gesetz vun 1972 respektiv d’Reglementer vun 1972 an 1978 ze änneren?  • Wa jo, wéi eng Ännerungen si virgesinn, wéini goufe schonn Aarbechten dozou ofgehalen, wat sinn d’Fortschrëtter a wéi eng Zäitschinn hunn d’Ministeren ginn? • Wann nee, sinn d’Ministeren net méi der Meenung, dass d’Gesetz misst moderniséiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8324

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert