Connect with us

Questions parlementaires

Wëldkameraen

Wëldkamerae gi vu Jeëer, awer och zum Deel vu Wësseschaftler:inne benotzt, fir Informatiounen iwwert d’Wëld ze sammlen. Dës Kameraen si mat engem Bewegungsmelder ausgestatt a ginn duerch Bewegungen ausgeléist. D’Fotoen an d’Videoen, déi vu sou Kameraen opgehol ginn, ginn op enger carte-mémoire gespaichert. Verschidde Kameraen erlaaben et och d’Informatiounen direkt op e Computer oder Handy ze iwerdroen. Well dës Kamerae virun allem am Bësch opgestallt ginn, kann et virkommen, dat Naturfrënn, Spadséiergänger:innen, Jogger:innen oder och Aarbechter:innen vun der Forstverwaltung vun sou Kamerae gefilmt ginn, ouni dat se sech därs iwwerhaapt bewosst sinn. Deemno stellt sech d’Fro no hiren « droits à l’image». 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënnerläit den Asaz vun sou Kameraen dem RGPD?  • Wa jo, mussen dës Kamerae bei der CNPD ugemellt ginn? Wat sinn d’Bestëmmunge fir den Asaz vun sou Kameraen, notamment, wat d’Plaz wou se opgestallt ginn an d’Ausriichtung betrëfft ? • Wa nee, ass den Asaz vun sou Kameraen iwwert aner gesetzlech Bestëmmungen, zum Beispill d’Juegdgesetz, réglementéiert a wéi eng sinn dat? Wéi gëtt séchergestallt, datt Persounen net ouni hiert Wësse gefilmt an hir Billerrechter respektéiert ginn?

  2. Wat fir eng Méiglechkeeten hu Persounen, déi feststellen, dat se vun sou enger Kamera gefilmt goufen, fir de Propriétaire vun der Kamera ze identifizéieren an ze verlaangen, dat hier Biller geläscht ginn?

  3. Sinn d’Ministeren der Meenung, dass dës Kameraen obligatoresch doriwwer misste renseignéieren, wiem se gehéiren, zu wat fir engem Zweck se agesat gi, an u wien een sech wende kann, wann ee Froen zu hirem Asaz huet ? 

  4. Wéi stinn d’Ministeren zu enger Kenntlechmaachung vun de Plazen op deenen d’Kameraen hänken esou wéi et an der Belsch de Fall ass? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8325

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert