Connect with us

Questions parlementaires

Plazenausschreiwungen duerch d’ADEM

Op der Website vun der ADEM kann een noliesen, dass am Prinzip all oppen Aarbechtsplaz bei der ADEM muss gemellt ginn: ““Gemäß der luxemburgischen Gesetzgebung und im Interesse eines funktionierenden Arbeitsmarktes muss jeder Arbeitgeber, der eine freie Stelle zu besetzen hat, eine Stellenmeldung bei der ADEM einreichen.“” D’Ausschreiwung vun enger Plaz bei der ADEM ka souwuel fir Patronen, wéi och fir déi Aarbechtssichend, verschidde finanziell Virdeeler mat sech bréngen. Wann eng Plaz awer net bei der ADEM gemellt gouf, kënnen dës Virdeeler net geltend gemaach ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill oppe Stelle goufen an deene vergaangene 5 Joer (opgelëscht pro Joer) bei der ADEM gemellt? 

  2. Wéi huet sech d’Unzuel un oppene Stellen* bei der ADEM iwwert déi vergaangen 5 Joer entwéckelt (opgelëscht pro Joer, all Kéiers um Enn vum Kalennerjoer)? *(also d’Zuel vum bestoende Stock un Aarbechtsplaze minus d’Zuel u verschwonnenen/attribuéierte Stellen plus d’Zuel un Neiausschreiwungen)

  3. Wéi vill Affiliatiounen (Déclaration d’entrée pour salarié du secteur privé) goufen an deene vergaangene 5 Joer (opgelëscht pro Joer) bei der CCSS gemaach?

  4. Existéiert eng Schätzung bei de Ministèren, wéi vill Plazen am Duerchschnëtt pro Joer net bei der ADEM ausgeschriwwe ginn an direkt besat ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8306

Continue Reading