Connect with us

Questions parlementaires

Reduzéierung vum Tempolimitt bei Nidderschlag

De Code de la Route gesäit vir, dass d’Vitesslimitatioun op den Autobunne bei Nidderschlag vun 130km/h op 110km/h erofgesat gëtt, well bei naasse Stroossen de Bremswee méi laang ass wéi op dréchene Stroosseverhältnisser. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1380 hat de Mobilitéitsminister geschriwwen, dass „d’Schwellewäerter vun de mobille Radare gi systematesch ëmgestallt wann d’Wiederkonditiounen dëst erfuerderen.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn d’Schwellewäerter vun de mobille Radare geännert? Mussen d’Polizisten dofir op d’Plaz, geet dat mëttlerweil och schonn digital aus der Distanz oder mécht de Radar dat automatesch?

  2. Bei wéi vill Nidderschlag ginn d’Schwellewäerter ugepasst?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8301

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert