Connect with us

Questions parlementaires

Covid-19 Hëllefe fir de Baussekteur am Oktober 2023

Am Dezember 2020 huet de Bausecteur mat der Regierung verhandelt fir Covid-19 Aiden ze kréien. D’Regierung wollt dës am Ufank net ausbezuelen, mee se de Betriber iwwert d’Steieren ze gutt komme loossen. Esou schéngt se sech ëmentscheet ze hunn, well d’Betriber am Secteur kruten elo ee Bréif deen se oprifft, „d’indemnité pour perte d’efficience“ via de Site vun der Chambre de métiers unzefroen. D’Firmen hunn 222€ pro Mataarbechter ze gutt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass et dozou komm, dass eng Aide, iwwert déi am Dezember 2020 geschwat ginn ass, elo ausbezuelt gëtt?

  2. Kann een d‘ „indémnité pour perte d’efficience“ nach als Covid-19 Hëllef bezeechnen oder ass et eng Aide fir ee Secteur, deen elo wéinst den héijen Zënse Problemer huet?

  3. Gouf d’Zuel vun de Mataarbechter vun haut gekuckt oder vum Dezember 2020?

  4. Wéi vill Entreprisen aus dem Konstruktiounssecteur sinn tëscht dem Dezember 2020 an haut faillite gaangen an hunn elo näischt méi vun dëser Aide?

  5. Wéini soll dës „indemnité pour perte d’efficience“ un all d’Betriber ausbezuelt sinn?

  6. Ginn et soss nach Aiden fir Entreprisen, déi wärend der Pandemie verhandelt gi sinn, déi awer nach net ëmgesat gi sinn? Wa jo, wéi eng? Ëm wéi eng Montanten handelt et sech heibäi?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8293

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert