Connect with us

Questions parlementaires

Import vu russeschem Petrol trotz EU-Sanktiounen

Als politesch Reaktioun op d’militäresch Invasioun vun der Ukrain duerch Russland, hunn d’EU-Staaten wirtschaftlech Bestrofungen géint Russland decidéiert, dorënner een Importverbuet vu Pëtrol. D’Plattform tagesschau.de beriicht, dass trotz den EU-Sanktiounen weiderhin russesche Pëtrol op den europäesche Maart gelaangt: ““Zahlen des Statistischen Bundesamts lassen den Schluss zu, dass Deutschland über Indien weiterhin größere Mengen russisches Öl importiert. Die Einfuhren aus Indien haben sich vervielfacht.“”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung ausschléissen oder bestätegen, dass och Lëtzebuerg nach ëmmer russesche Pëtrol importéiert oder indirekt notzt an deemno nach ëmmer russesche Pëtrol am Tank vu Lëtzebuerger Autoe lant?

  2. Wéi d’Plattform weider schreift:  ““Nach Untersuchungen des KSE Institute der Kyiv School of Economics wurde russisches Öl in den wichtigsten Exporthäfen des Landes aber zu deutlich höheren Preisen verkauft, zuletzt für mehr als 70 Dollar pro Barrel. Die von den westlichen Staaten erdachte Regelung könne nur funktionieren, „wenn Regierungen den Firmen glaubwürdig demonstrieren, dass sie diese auch durchsetzen werden“, hatte Benjamin Hilgenstock vom KSE Institute dem „Spiegel“ gesagt.“” Wéi eng Moossnahmen sinn op europäeschem Niveau geplangt, fir d’Sanktionen géint Russland konkret ëmzesetzen, soudass een d’EU tatsächlech komplett vu russeschem Pëtrol ofschott? 

  3. Ginn et op EU-Niveau Iwwerleeungen, fir Handelspartnerlänner, wéi Indien, déi russesche Pëtrol un d’EU weiderverkafen, ze sanktionéieren? Wéi steet déi lëtzebuergesch Regierung zu esou Proposen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8326

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert