Connect with us

Questions parlementaires

Schanklizenzen fir Alkohol

Geschäfter, déi zu Lëtzebuerg wëllen Alkohol verkafen, brauchen dofir eng Schanklizenz (Licence de cabaretage). D’Gesetz vum 29 Juni 1989 portant réforme du régime des cabarets reegelt de System esou, dass d’Unzuel u Schanklizenzen begrenzt ass un d’Awunnerzuel vun enger Gemeng. D’Lizenzen, kënnen, soubal se am Besëtz vun enger Firma sinn, fräi um Marché verlount ginn. D’Reegel huet awer de perversen Effekt, dass verschidde Firmen sech konnten iwwer Jorzéngten ee lukrative Quasi-Monopol sécheren, well se där Schanklizenzen a Massen horden. Scho virun 17 Joer gouf an enger parlamentarescher Fro (n°1032) kritiséiert, dass dës Reegel vill Leit dovunner ofhällt, fir eegestänneg ze ginn, well d’Ausléine vun de Konzessiounen vill Geld kascht an d’Caféeën meeschtens vum Grousshändler, deen am Besëtz vun der Lizenz ass, virgeschriwwe kréien, wéi eng Produkter si ze verkafen hunn. Dem fräien Unternehmertum sinn esou Grenze gesat. Domadder stäerkt d’Gesetz grouss Monopoler, wat och dem deemolgen Justizminister Luc Frieden a senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro net entgaangen ass, mee wougéint bis haut awer vu kenger Regierung eppes ënnerholl gouf: ““C’est ainsi que bon nombre de droits de cabaretage, qui avaient originairement été accordés à des particuliers ou à des sociétés ont été rachetés par les brasseries locales.“” Begrënnt gëtt d’Reegel vum Gesetz doduerch, dass ee mam Lizenzsystem den exzessiven Alkoholkonsum wéilt aschränken an esou d’Gesondheet vun de Leit wéilt schützen. Oder, wéi den deemolege Justizminister geschriwwen huet: „La ratio legis de cette législation spécifique était et continue d’être la protection contre l’abus de boissons alcooliques.“ Den Donnéeën* vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) no loung den Alkoholkonsum pro Persoun hei am Land  • 1988 bei 15,11 Liter; • 1990 bei 15,08 Liter (nom Akaraafttriede vum Gesetz vun 1989); • 2006 bei 12,5 Liter (Aféieren vum Verbuet fir a Restauranten ze fëmmen); • 2014 bei 11,42 Liter (Aféieren vum Verbuet fir a Caféeën ze fëmmen); • 2019 bei 11 Liter. Als Vergleich, eis Noperen an der Belsch weisen dës Zuele vir: • 1988 bei 12,52 Liter; • 1990 12,08 Liter; • 2006 bei 10,94 Liter; • 2014 bei 10,57 Liter; • 2019 bei 9,15 Liter. Tëschent 1988 an 2019 ass de Konsum souwuel zu Lëtzebuerg wéi och an der Belsch ëm ronn 27% erofgaangen. Et kann een deemno also net behapten, dass d’Aféiere vun de Schanklizenzen een Impakt op den Alkoholkonsum gehat hätt.  * https://www.who.int/data/gho/data/indicators/indicator-details/GHO/alcohol-recorded-per-capita-(15-)-consumption-(in-litres-of-pure-alcohol

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schanklizenzen sinn aktuell hei am Land am Ëmlaf, opgelëscht no Gemeng, a wéi huet sech d’Zuel am Laf vun der Zäit (1989, 1990, 2006, 2014, 2019 an 2022) entwéckelt?

  2. Wéi gesäit et mat de Besëtzverhältnisser bei de Schanklizenzen aus: Wéi enge 5 Firmen gehéieren déi meeschte Schanklizenzen (opgelëscht pro Firma, anonymiséiert falls d’Firmennimm net wëlle genannt ginn)?

  3. Wéi eng Moossnahmen huet d’Regierung an de leschten 10 Joer ëmgesat, fir den „abus de boissons alcooliques“ ze reduzéieren? Ab wéi engem Moment schwätzt ee vun engem Abus?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8332

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert