Questions parlementaires
Gëtt d’Walkampfofkommes vun de Ministère respektéiert
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert Ministèren akafen, déi net direkt eppes mat hiren Informatiouns- an Opklärungsflichten ze dinn hunn. Dëst fir ze evitéieren, dass ëffentleche Steiergelder, déi fir d’Aarbecht vum Ministère geduecht sinn, net fir de Walkampf mëssbraucht ginn. Op Social Media gesäit een aktuell vill gesponsered Bäiträg vun de Ministèren mat Fotoen vun de Ministeren a Ministeschen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Social Media Bäiträg hunn d’Ministèren säit dem 4te September publizéiert an dës mat bezueltener Werbung op de Plattforme gepusht unn?
Ëm wéi een Geldbetrag handelt et sech insgesamt?
QP Nummer 8358