Connect with us

Gemengen & Innepolitik

Hannert zouenen Dieren

D’Artikelen 19 an 21 vum Gemengegesetz reegelen de Gebrauch vum Huis Clos an de Sëtzunge vun engem Gemengerot. Am Prinzip sinn d’Sëtzungen ëffentlech, mee fir verschidde Punkten, wéi Personalfroen oder méi sensiblen Themen, dierfen d’Sitzungen, op Decisioun vum Gemengerot, ënnert Ausschloss vun de Bierger stattfannen. Dës Decisioun muss awer am Viraus vun 2/3 vun de Memberen am Gemengerot decidéiert a motivéiert ginn.

Allerdings gesäit een , dass et bei der Ausleeung, wéini een Huis Clos gerechtfäerdegt ass, zu Form- a Fongfeehler kënnt. Ee Beispill dofir kann een am Urteel n°39964 vum 31te Juli 2017 vum Verwaltungsgeriicht fannen, wou eng Decisioun, déi de Gemengerot Lëntgen an engem Huis Clos getraff huet, annuléiert gouf.

Dat hënnert verschidde Gemengen awer net dorunner, fir weider de Huis Clos zu verschidde Punkten unzefroen, och wann d’Motivatiounen dofir frolech sinn. D’Dispositioun vum Artikel 21 vum Gemengegesetz, wou als Ufuerderung fir een Huis clos „des considérations d’ordre public“ oder „inconvénients graves“ ugefouert ginn, ass onpräziis a léisst ee ganz grousse Spillraum u Méiglechkeeten a Motivatiounen zou. 

Natierlech kann all Bierger viru Geriicht eng Decisioun vum Gemengerot ufechten. Allerdéngs ass de perséinleche Gewënn hei am Verhältnis zu de Käschten, déi eng Geriichtsaffär mat sech bréngt, oft marginal an erniichterend. D’Prozedure si laang an net all Bierger huet d’Mëttel, d’Zäit an d’Loscht viru Geriicht géint d’Feeler vum Staats- oder Gemengenapparat souwéi d’Anhale vu Recht an Uerdnung ze kämpfen. Ouni d’Kontroll vum Ministère de Tutelle an der Justiz, besteet de Risiko, dass d’Dispositioun vum Huis Clos vu verschiddene Gemenge wéi ee Lastik iwwernotzt kéint ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gemengerotssëtzungen goufen zënter 2015, opgelëscht no Joer a Gemeng, an engem Huis Clos ofgehal?

  2. Fir wéi eng Decisiounen, ofgesi vu Personaldecisiounen (Art.19), gouf de Huis Clos an deene leschte 5 Joer am meeschten agesat? Wéi vill Mol war dëst de Fall?

  3. Wat sinn, ausser Personalfroen, déi am meescht virkommend Motivatiounen/Grënn, déi ee Huis Clos rechtfäerdegen?
    Aneschters gefrot: Wéi eng Grënn goufen am heefegste genannt, déi den Ufuerderunge vum Artikel 21 („pour des considérations d’ordre public ou à cause d’inconvénients graves“) och gerecht goufen? 

  4. Existéieren gesetzlech Derogatiounen zu den d’Artikelen 19, 21 a 25 vum Gemengegesetz, déi dës Dispositiounen a verschiddene Fäll ausser Kraaft kënne setzen?

  5. An der Gemeng Déifferdeng goufen dëst Joer mindestens 3 Sëtzungen am Huis Clos duerchgefouert (2te Juni, 16te Juni a 27ten Oktober), déi, wann een d’Procès-Verbale vun der Gemeng nokucke geet, ee puer Froen opwerfen:
    1. Ware fir déi 3 Huis Clos’en d’Konditioune vum Gemengegesetz (Artikel 19 & 21) erfëllt?
    2. Wat waren hei d’Motiver, déi de Huis Clos rechtfäerdegen an no wéi enger legaler Basis?
    3. Falls déi gesetzlech Konditiounen net sollten erfëllt sinn, wéi eng Moossname gedenkt d’Madamm Ministesch an deem Fall z’ënnerhuelen ? 

  6. An zwou Gemengerotssëtzunge vum 2ten a 16te Juni 2021 ass an der nämmlechter Gemeng och rieds vun enger sougenanntener «séances de travail non-publiques» vum Gemengerot, wou – dem Procès-verbal no – och Decisioune schénge geholl ginn ze sinn.
    1. Wat ass d’legal Basis vun dëser Sëtzungsform vum Gemengerot an den Deliberatiounen an Decisiounen, déi an dësem Gremium getraff ginn?
    2. Wéi ass séchergestallt, dass de Prinzip vun der Ëffentlechkeet vun de Gemengerotssëtzungen net duerch d’Benotzung vun esou Gremien ënnergruewe gëtt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5365

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert