Connect with us

Questions parlementaires

Horrend deier Rechnungen fir Taxi-Ambulanzen

Zanter Jore weisen net nëmmen d’Patientevertriedung asbl, mee och ganz vill direkt betraffe Leit, op déi zum Deel akut Problemer hin, déi et am Beräich vum net urgente Krankentransport (“transport en ambulance hors urgence”) gëtt. 

Et geet, ënner anerem, riets vu komplett iwwerdeierten Tariffer a vun enger ganz inkonsequenter, well eben net reglementéierter, Tarifikatioun. Heiansdo bezilt ee fir eng Faart aus engem Stater Altersheim bis an de CHL 140 Euro. Eng aner Ambulanz kënnt vu ganz wäit hir ugefuer a verrechent da fir en 2 Kilometer kuerzen Tripp knapps 100 Euro. Et ginn och Fäll, wou bannent dem selwechte Stater Quartier 90 Euro verrechent ginn. An de parlamentaresche Froen n°2728, 1740 an 1347 gouf schonn op déi horrend Rechnungen agaangen. Déi Leit, ëm déi et hei geet, si fragil Patienten, déi op de Krankentransport vun A op B ugewise sinn.
Wat d’Tariffer vun de Privatambulanze betrëfft, hunn d’Ministere geschriwwen, dass d’Gesondheetskeess keng Handhabung op d’Beträg huet,
„déi vun den Transportfirmaen dierfen a Rechnung gestalt ginn. Eng Erhéijung vum Remboursement vun der Gesondheetskeess bedeit also net dat d’Käschte vum Patient erof ginn. Dës kann sech awer ännere wann de legale Kader mat de Norme bis steet.“    

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi wäit sinn d’Aarbechten um Gesetzesentworf zënter 2020 fortgeschratt?

  2. Wéini soll een Avant-Projet de Loi an de Regierungsrot kommen?

  3. Wat fir grondsätzlech Verbesserungen si virgesinn?

  4. Wéi eng Verbesserung vun den CNS-Tariffer ass virgesinn?

  5. Wat ass du Point de vue Qualitéitskontroll virgesinn, fir datt eis jonk an al Leit an Zukunft “dans des conditions optimales de confort, de sécurité et d’hygiène” kënnen transportéiert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5355

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert