Connect with us

Questions parlementaires

Wéi vill Schnelltester bleiwen nach

Am Mee goufe 5,7 Milliounen Antigen-Schnelltester un Entreprisë verdeelt. Dës Tester waren ee wichtegen Outil am Kampf géint de Coronavirus zu engem Moment, wou nach vill Leit net keng Méiglechkeet haten, fir sech ze impfen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schnelltester stinn dem Personal an den eenzelne Ministèren nach zur Verfügung?

  2. Wéi vill Schnelltester stinn dem Personal an den Etablissement publics nach zur Verfügung?

  3. Mengen Informatiounen no hunn d’Employéeën a verschiddene Servicer vun den CFL net méi d’Méiglechkeet op Schnelltester zréck ze gräifen, well d’Tester fir Auslandsreesen (zum Beispill an Däitschland) zréck behale ginn. Huet all Ugestallten bei den CFL nach ëmmer d’Méiglechkeet, fir ee Schnelltest op der Aarbecht ze maachen? Wéi vill Schnelltester bleiwen hei nach iwwreg?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5344

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert