Questions parlementaires
Kompensatiounsmoossnahmen Wolficht
D’lescht Joer goufen ëmfangräich Terrassementsaarbechten op enger Parcelle (Lëntgen, Gousseldeng et Prettingen(B), N° Cadastre 1001 / 1960 ), genannt « Millebaach » oder och « Wolficht » tëscht dem Autobunnsiwwergang an der CR 122 zu Luerenzweiler duerchgefouert. No eisen Informatiounen handelt et sech dobäi em sougenannte Kompensatiounsmoossnamen am Zesummenhang mat der Suppressioun vum PN 20B zu Luerenzweiler. Konkret goung et dorëms, de Volume, deen duerch de Bau vun enger Unterführung an engem Iwwerschwemmungsgebitt verluer goung, an der direkter Ëmgéigend ze kompenséieren. Wéi een och op de Loftbiller op Geoportail erkenne ka gouf groussflächeg Buedem ausgebaggert. Dono gouf dee Beräich mat Geotextil zougeluecht an neie Buedem dohi getippt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wien huet déi Mesure prekoniséiert ? Wat begrënnt de Choix vun der Plaz?
Gouf, éiert dësen Agrëff op der Parcel erfollegt ass, ass eng Ëmweltimpaktetüd duerchgefouert? Falls net, aus wat fir engem Grond gouf op sou eng Etude verzicht?
Wéi gliddert sech dës Mesure an di geplangte Renaturéierung vun der Uelzecht tëscht Luerenzweiler a Lëntgen an? (https://environnement.public.lu/dam-assets/actualites/2018/09/comp_a7/Dossier-de-presse-14-septembre.pdf an https://www.stradalex.lu/fr/slu_src_publ_leg_mema/document/mema_etat-leg-dgc-2017-01-13-a194-jo?access_token=04566e51254f3142eb5c7fb6a19bbdc8c44ca25c ) Wéi wäit ass een am Projet Renaturéierung?
De Geotextil, deen op der Parcel benotzt ginn ass, schéngt ee syntheetesche Polymer ze sinn. Et ass e Friemkierper a net biologesch ofbaubar. E schaaft eng kënschtlech Barrière tëscht verschidde Buedem- oder Materialschichten a verhënnert deemno och, dat Insekten, Wierm, Larven a Mikroorganismen, déi ënnert deem Vlies liewen, eropkommen. De Geotextil reagéiert op d’Hëtzt a kann sech zersetzen. D’Substanzen aus deenen en sech zesummesetzt kënnen « ausdünsten » a sou an d’Ëmwelt iwwergoen. E kann och duerch mechanesch Agrëffer ofnotzen a sech an der Ëmwelt verbreeden (ee Beispill: https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC7866501/). An enger Etude, déi den däitsche Frauenhofer Institut fir d’Emweltorganisatioun NABU realiséiert huet, kann ee liesen: « Die Transportpfade der Emissionen sind komplex und in der Literatur kaum beschrieben. Es ist bspw. denkbar, dass die Fragmente aus Folien und Beschichtungen, wenn sie über das Abwassersystem abtransportiert werden, über den Klärschlamm zurück auf landwirtschaftliche Böden gelangen. » an « Vertiefende empirische Untersuchungen zum Langzeitverhalten von Folien, Vliesen und Netzen in der Pflanzenproduktion, aus denen sich Emissionsraten ableiten lassen, existieren bisher nicht (Ausnahme China, s. o.). Die Berechnung aus Stoffbilanzen oder aus Bodengehalten ist analog zur Situation bei Folien in der Futtermittelproduktion aufgrund der Datenlage nicht möglich. » (FrauenhoferUmsicht/Ökopol, KUNSTSTOFFE IN DER UMWELT: EMISSIONEN IN LANDWIRTSCHAFTLICH GENUTZTE BÖDEN, Oberhausen/Hamburg, Mai 2021 (https://www.nabu.de/imperia/md/content/nabude/konsumressourcenmuell/210521-fraunhofer_oekopol_studie_plastik_landwirtschaft.pdf ). Zesummefaassend kéint een also soen, datt et kaum Etüden iwwert d’Ëmweltawierkungen vum Geotexil gëtt, mee dat een aus der Etüd, déi de NABU realiséiert huet, schléisse kann, dat hiren Asaz net onbedenklech ass an dat et kaum méiglech ass, sou e Geotextil nees komplett aus der Ëmwelt rauszehuelen. Firwat gouf dee Geotextil verluecht ?
Am Rapport d’acitivité vun 2001 vum Ministère des travaux publics kann ee liesen: “Prettingen – „Wolficht“ et „Wolfichtergewan“ (Viaduc de Lorentzweiler): Forages et prises d’échantillons pour analyses paléo-environnementales (palynologie, chimie, paléobotanique). Les premiers résultats palynologiques ont révélé un horizon préhistorique à – 8 mètres.” Am Rapport vun 2002: “Prettingen – „Wolficht“ : prélèvements de tourbe lors du creusement de la déviation de l’Alzette.” Kann d’Ministesch méi zu de Resultater vun dëse Buedemprouwe soen? Sinn hei Pollutioune festgestallt ginn?
Am Fall, datt d’Notze vu Geotextil am Zesummenhang mat enger Pollutioun vun deem Site besteet, kann den Här Minister mir soen: 1. Duerch wat ass dës Pollutioun entstanen? 2. Ginn et hei Lien’e mat dem Bau vun der Nordstrooss an der décharge de materiel deemols duerch de P&Ch? 3. Wat fir eng Aart vu Pollutioun wier et dee Moment? 4. A falls de Ministère vun esou enger Pollutioun weess, firwat ass dës net am Cadastre des sites potentiellement pollués (CASIPO) verzeechent?
Wéinst der Kompensatiounsmoossnam ass Buedem vun der Parzell ofgedroe ginn. Wat ass mat deem Buedem geschitt deen oftransportéiert ginn ass? Wou ass en hin transportéiert ginn ? Goufe bei där Geleeënheet oder am Viraus Buedemprouwe geholl a wat fir eng Wäerter goufen do festgestallt ? Falls net, firwat gouf op sou Prouwe verzicht ?
Wat ass de Gesamtkäschtepunkt vun deem Projet a wéi deckt en sech mam ursprénglech envisagéierte Betrag ?
Wat fir eng längerfristeg Notzung ass fir dësen Terrain virgesinn ? Wéi eng méiglech Notzunge goufen an Betruecht gezunn a firwat goufen dës finalement net zréck behalen?
QP Nummer 112