Connect with us

Questions parlementaires

Nofro zu de Solardiecher iwwert den Autobunnen

Virun zwee Joer hat ech a menger parlamentarescher Fro 4324 gefrot, ob d’Regierung wéilt op de Wee goen, fir d’Autobunne mat Solardiecher z’iwwerdecken. Deemols gouf erkläert, dass eng ganz Rëtsch sécherheetsrelevant Aspekter misste berécksiichtegt ginn, déi zimmlech opwänneg wieren an dass et keng konkret Projeten géif ginn, fir Photovoltaikanlagen op den Autobunnen z’installéieren.  An hirer Äntwert haten déi deemoleg Ministere geschriwwen: ““Ier iwwerhaapt emol eng Photovoltaikanlag kann iwwert enger Autobunn installéiert ginn, ass also als éischt eng schwéier an deier Konstruktioun opzeriichten, dat, ier deen éischte Stroum ka produzéiert ginn. Et wier also méi sënnvoll als éischt emol vu bestoendem Daachflächen ze profitéieren, ier een zousätzlech Daachflächen erschafe geet, fir Photovoltaikanlage kënnen drop opzeriichten. […] Ofschléissend kann ee festhalen dat – nieft de villen sécherheetsrelevante Schwieregkeeten de techneschen a finanziellen Opwand sou grouss ass dat et net duerstellbar ass sou deiere Photovoltaikstroum an engem grousse Moossstaf ze produzéieren.“” Déi heite Regierung huet awer an hirem Koalitiounsaccord ugekënnegt, dat wëllen ze „analyséieren“.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Regierung konkret Projeten am Kapp, op deenen ee Solaranlagen iwwert oder laanscht d’Autobunne wäert opstellen? Falls jo, wéi eng sinn dat?

  2. Wéi positionéiert sech dës Regierung zu den Aussoe vun hire Virgänger, déi een éischter negativen Avis zu der Iwwerdaachung vun den Autobunnen haten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 109

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert