Connect with us

Questions parlementaires

Tabuen musse gebrach ginn: wéi geet et de Patienten an de Psychiatrien?

A menge parlamentaresche Froen n°4931 an 5371 wollt ech Informatiounen an Zuelematerial zur Hospitaliséierung vu Persoune mat mentale Problemer kréien. D’Äntwerte vun der Ministesch weisen, dass wéineg ëffentlech Informatioun zum Fonctionnement an de Psychiatrien existéieren. Dëst mécht et schwéier, fir vu baussen novollzéien ze kënnen, ob ëmmer am Interessi vun de Patiente gehandelt gëtt. Mengen Informatiounen no, kritt awer ënnert Anerem den Ombudsmann Zuelen an Informatiounen, zum Beispill doriwwer, wéi vill Patienten an den zouenen Anstalten ugestréckt, zwangsmedikamentéiert oder isoléiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op meng Fro n°5371 zu der Publikatioun vun den triennale Rapporten, déi d’Gesondheetsministesch der Chamber muss virleeën, huet d’Ministesch zouginn, dass bis elo kee Rapport geschriwwe gouf. “Den Gesondheetsministère wäert an deem Sënn d’Commissions de surveillance des établissements psychiatriques mandatéieren hier Aarbechten sou séier wéi méiglech nees opzehuelen fir datt d’Chamber zäitno en aktuellen Rapport kann presentéiert kréien.”
    Sinn d’Aarbechte schonn amgaangen?
    Wéini rechent d’Ministesch, dass d’Rapporte wäerte presentéiert ginn?

  2. An der Äntwert op d’Fro 4931 schreift d’Ministesch, dass 2 Kommissiounen existéieren, déi periodesch analyséieren, ob ee Placement berechtegt ass oder ob d’Persoun muss entlooss ginn. Dës 2 Kommissioune sinn am Gesetz vun 2009 virgesinn.
    • Wéi oft sinn dës Kommissiounen an de leschten 3 Joer zesummekomm (opgelëscht no Datum)?
    • A wéi ville Fäll hunn dës Kommissiounen entscheet, dass ee Placement net berechtegt war?

  3. Den Artikel 44 vum Gesetz vun 2009 beschreift d’Fäll, an deenen d’Contention zum Asaz kommen dierf. De Comité européen pour la prévention de la torture et des peines ou traitements inhumains ou dégradants (CPT) mécht réigelméisseg Rapporten iwwert d’Bedingungen a Prisongen. An engem Rapport vun 2017 a Spuenien schreift de CPT: “Le CPT est particulièrement préoccupé par le recours continu à la contention mécanique des détenus (sujeción mecánica). Les détenus sont encore attachés à un lit pour des périodes prolongées sans surveillance appropriée, ni mention de la mesure dans un registre.”
    Wéi vill Leit goufen an deene vergaangenen 3 Joer géint hire Wëllen ugestréckt? Wou sinn dës Fäll gespäichert?
    Stellt d’Ustrécke vun engem Patient ee medezineschen Akt duer?
    Madamm Justizministesch, goufe vum Parquet an de Psychiatrië schonns Enquêtë betreffend der Contention gemaach?

  4. An der Äntwert op meng Fro n°4931 war der Gesondheetsministesch net bekannt, dass Patiente Medikamenter géint hire Wëlle verofreecht kréien.
    Kann d’Ministesch ausschléissen, dass nach kee Patient, zënter Aféierung vum Gesetz vun 2009, Medikamenter géint säi Wëlle verofreecht krut?  Falls jo, mat wéi enge Garantien? Falls net, wéi gedenkt si deem Rechnung ze droen?

  5. Am Artikel 3 vum Gesetz vun 2009 gëtt d’Zwangsinternéierung als Moossnam beschriwwen, déi zum Ziil de Schutz vun der Persoun viru sech selwer an hiere Matmënschen huet. D’Zwangsplazéierung ass eng drastesch Moossnam, déi d’Grondrechter vun enger Persoun immens beschneit. D’Folge vun esou enger Internéierung kënnen, wéi eng Prisongsstrof, verheerend sinn. D’Proportionalitéit vun dëser Moossnahm muss dofir ëmmer gewährleescht sinn.
     Wéi eng Moossname ginn an de Psychiatrië geholl, fir sécherzestellen, dass keng Persoun falsch placéiert gëtt an zwangsplacéiert bleift?
    Hunn d’Patiente bei hirer Aweisung d’Recht op eng Konterexpertise vun engem Medezinner vun hirem Choix an d’Méiglechkeet, fir direkt kënnen een Affekot vun hirem Choix ze besichen?

  6. Hunn d’Patienten, déi placéiert sinn, ee Recht, fir sech eng Zäit dierfen dobaussen an der frëscher Loft opzehalen? Ass dësen Accès an allen Psychiatrië séchergestallt?  Wat gëtt gemaach, fir dass d’Leit individuell an a Rou an Dignitéit kënnen erausgoen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6618

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert