Connect with us

Questions parlementaires

Mental Gesondheet: Wéi gudd sinn d’Psychiatrien zu Lëtzebuerg opgestallt?

An der Äntwert op meng parlamentaresch Froen n°4931 hat d’Ministesch erkläert, dass 5 Services de Psychiatrie hei am Land existéieren. Dës Servicer befannen sech am CHEM zu Esch, dem CHL an dem HRS zu Lëtzebuerg an dem ChDN souwéi dem CHNP zu Ettelbréck. Statistiken zu de Patienten géifen net zentral erfaasst ginn. Deemno misst et jo méiglech sinn, dass all eenzel Psychiatrie dem Ministère verschidden Zuehlen nenne kann. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune schaffen aktuell an de Psychiatrien hei am Land, opgelëscht no Psychiatrie? Wéi vill dovunner si fest an deenen eenzelne Psychiatrien agestallt? 

  2. Wéi vill Psychiateren a Psychologen mat engem Doktertitel schaffen aktuell an de Psychiatrien hei am Land, opgelëscht no Ustalt? Wéi vill vun dësen Doktere si permanent an deenen eenzelnen Ustalten affektéiert? 

  3. Wéi schnell mussen d’Psychiateren a Psychologen, am Fall vun enger Urgence, an enger Psychiatrie fir de Patient do sinn?

  4. Wéi vill Persounen sinn aktuell an den eenzelne Psychiatrien hei am Land hospitaliséiert? Wéi vill vun dëse Patienten sinn zwangsinternéiert iwwert d’Gesetz vun Dezember 2009? 

  5. Wéi vill Patienten waren an de leschten 2 Joer an der Moyenne pro Mount an de Psychiatrien hei am Land zwangsinternéiert nom Gesetz vun 2009 (opgelëscht no Mount)?

  6. Existéieren aner Zwangsinternementer ewéi déi, déi am Gesetz vun 2009 virgesi sinn?

 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6617

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert