Connect with us

Mobilitéit

Busarrêt Rouscht-Luxlait

Viru kuerzem gouf de staatleche Busreseau (RGTR) komplett nei organiséiert an opgestallt. D’Ännerungen hunn zum Zil, dass den ëffentlechen Transport op der Strooss verbessert an doduerch méi attraktiv gëtt. Wéi genee den Impakt op d’Qualitéit vum Busreseau ass, wäert een an Zukunft gesinn, wann d’Passagéier um Terrain hir Meenung äusseren. Fest steet, dass bei dëser Reorganisatioun net jiddereen eppes gewanne kann, well op verschiddene Streckendeeler Linnen ëmgeluecht an op anere Plazen Arrête gestrach goufen. Eng Kritik, déi mer zougedroe gouf, betrëfft de Busarrêt „Rouscht-Luxlait“ an der Gemeng Biissen. Dëse gouf gestrach an den nächstgeléeënen Arrêt ass elo d’Haltestell „Rouscht“. Wann een um Arrêt „Rouscht“ rausklëmmt a bei d’Luxlait, d’Creos oder aner Betriber an d’Aktivitéitszon wëll goen, da muss een zirka zwee Kilometer zu Fouss iwwert d’Nationalstrooss „Route de Luxembourg“, wou net iwwerall ee befestegten Trottoir disponibel ass, wat op enger Landstrooss zu geféierleche Situatioune féiere kann.  D’Feele vun engem Arrêt oder engem uerdentleche Gehweg oder Vëlospiste benodeelegt hei d’Leit, déi op eng douce Mobilitéit wëllen oder mussen zeréckgräifen. Dëst schued um Enn och de Betriber an de Mataarbechter op dëser Platz. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Buslinn huet fréier den Arrêt „Rouscht-Luxlait“ zerwéiert?

  2. Wäert de Mobilitéitsministère hei fir Verbesserunge suergen? Falls jo, wat fir Moossnahme wäerten hei geholl ginn?

  3. Wéi eng Verantwortung entfält op d’Gemeng Biissen, fir d’Aktivitéitszon besser mam Duerfkär ze verbannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6615

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert