Connect with us

Déiereschutz

Situatioun vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg

An engem Artikel op rtl.lu vum 27te Juli 2022 heescht et: ““D’Déiereschutzgesetz vun 2018 wier gutt, mä et géing net ëmgesat ginn, soen d’Vertrieder vun diversen Déiereschutzorganisatiounen.“ ” Rieds geet an dësem Reportage vun iwwerfëlltenen Déierenasyler ronderëm d’Land: et feelt entweder u Plazen an den Opfangstatiounen oder jee no Regioun fënnt een iwwerhaapt keng Opfangstatioun oder een Déierenasyl. Et gëtt och doriwwer bericht, dass d’Situatioun vun de Sträiner-Kazen sech net verbessert hätt: ëmmer nach si vill Kazen net steriliséiert, esou wéi dat och scho virum Déiereschutzgesetz de Fall war an d’Déierenasyler kommen dowéinst dem héijen Zoulaf net méi no.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi wäert de Minister de Bedierfnisser vun den Déiereschutzorganisatiounen entgéint kommen an ass de Minister bereet, dofir déi néideg Suen an de Grapp ze huelen, fir d’Situatioun vun den Hausdéieren am Land ze verbesseren?

  2. Wien als Bierger an een Déierenasyl urifft, dee kritt heiansdo nëmmen den Anrufbeantworter op den Telefon. D’Déierenasyler sinn och net 24/7 op, sou dass d’Leit heiansdo mat verletze Wëlldéieren virun enger eideler Opfangstatioun stinn. Ass de Minister bereet, hei d’Suen an de Grapp ze huelen, fir dass plazeweis Déierenasyler an Opfangstatiounen 24/7 kënnen operationell sinn?

  3. Mat wéi vill Euro ginn d’Déierenasyler (opgelëscht no Asyl) aktuell subventionéiert? Wéi huet sech dëse Montant zënter 2017 entwéckelt (opgelëscht pro Joer)?

  4.  A verschiddene parlamentaresche Froen hat ech nogefrot, firwat zu Lëtzebuerg keng permanent Opfangstatioune fir Notzdéieren existéieren. An der Äntwert op d‘Fro 6330 erkläert de Landwirtschaftsminister, dass „eng Opfaangstruktur permanent oprecht ze halen en zimmlech groussen Opwand“ wier. Wéi een „Opwand“ wier d’Regierung bereet ze maachen, fir esou Opfaangstrukturen opzeriichten?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6626

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert