Connect with us

Questions parlementaires

Steierrecetten duerch Glécksspill

Online Glécksspiller a Wette sinn en legitimmen a milliardeschwéiere Maart vun dem Lëtzebuerg kéint zousätzlech Steierrecetten generéieren. Verschidde Länner, wéi Malta, hunn eng attraktiv Gesetzgebung, fir d’Glécksspill-Industrie op hiren Territoire unzezéien. Och an der Belsch zum Beispill ass d’Glécksspill iwwert präzis Gesetzer streng encadréiert. Lëtzebuerg fiert aktuell een anere Wee a garantéiert der Lotterie Nationale ee Monopol fir all Zort vu Glécksspiller a Wetten hei am Land. Dëse Monopol funktionéiert net: Firme kommen iwwert d’europäesch Unioun trotzdeem hei eran.  Queesch duerch d’Land gesäit een a Caféen illegal Spillmaschinne stoen, wou vill Suen iwwert auslännesch Serveren (Malta, Brasilien, etc.) verspillt ginn. An der Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°2927 hat de Justizministère d’Präsenz vun 2.000 illegalen Internetbornen bestätegt. Et goufen an der Vergangenheet keng nennenswäert Efforten ënnerholl, fir dës illegal Aktivitéiten ze stoppen oder dës Bornen iergendwéi juristesch z’encadréieren. Dëst soll elo geännert ginn, no engem entspriechende Passage am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Glécksspillgesetz vun 1977 gesäit am Artikel 4, Punkt 3, fir Sportswetten eng Taxe vu maximal 25.000 Frang (600€) souwéi ee Maximum vu 15% Bäiträg op „les sommes engagées ainsi que ceux sur les prix à distribuer“ vir. Den entspriechende groussherzogleche Reglement vum 7te September 1987 bezitt sech awer hei –iertemlecherweis (?) – nëmmen op d’sommes entrantes. D’Dispositioun ëm dëse Gesetzesartikel a säin zougehéiregen RGD-Artikel suergen deemno fir Verwirrung, well net gewosst ass, ob sech dëse Prélèvement op 15% vun de Wettasätz plus 15% vum Spillgewënn bezitt oder reng op d’Differenz tëscht Wettasaz an dem Spillgewënn. • Bezitt de Steiersaz aus dem Artikel 4 Punkt 3 vum Glécksspillgesetz sech op déi 15% vun de Wettasätz plus 15% vum Spillgewënn oder op d’Differenz tëscht dem Wettasaz an dem Spillgewënn (also dem Benefice)? • Kann d’Regierung erklären, firwat den „Taux de Prélèvement“ vu 15% nach ëmmer deen héchsten an der ganzer EU ass? • Wäert déi nei Regierung den Taux de Prélèvement op de Gewënn (Benefice) fixéieren?  • Wäert d’Regierung den aktuellen Taux vu 15% reduzéieren?

  2. D’Gesetz vum 17ten August 1963 iwwert de Steieraccord tëscht Lëtzebuerg an der Belsch vum 30ten August 1962 ayant pour but d’éviter la double imposition en matière de taxes perçues à l’occasion des concours de pronostics sur les matches de football erméiglecht et enger belscher Societéit, déi Wettaktivitéiten an der Belsch ubitt, ouni weider Autorisatioun um lëtzebuergesche Marché deelzehuelen an de lëtzebuergesche Steiertaux vu 15% ze ëmgoen, well déi belsch Steier fir dës Entreprisë gëllt. • Kënnen d’Ministere bestätegen oder widderleeën, dass eng a Wettspiller autoriséiert Firma an der Belsch hei am Land nom belsche Steiersaz besteiert gëtt? Falls jo, bezitt sech dëse Steiersaz eleng op Wette bei Fussballmatcher oder och op aner Sportaarten a Glécksspiller?

  3. Wéi vill Steierrecettë goufen an deene leschten dräi Joren duerch d’Glécksspillgesetz ageholl, opgelëscht no Joer an no Dispositioun aus dem Glécksspillgesetz vun 1977?

  4. D’Regierung huet am Koalitiounsaccord festgehalen, dass d’Glécksspillgesetz op de Leescht soll geholl ginn, mee dass Glécksspiller weiderhin nëmmen a Casinoen dierfen ugebuede ginn, obwuel ee groussen Deel vu Glécksspiller um Internet ugebuede gëtt.  Firwat ass d’Regierung net de Wee gaangen vun enger Liberaliséierung vum Glécksspill?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 35

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert