Connect with us

Questions parlementaires

Territoriale Status vu Cabasson?

Am Summer ass de Grand-Duc traditionell zu Cabasson. Vun do aus setzt de Grand-Duc och seng Ënnerschrëft ënnert offiziell Dokumenter a Gesetzesprojeten. Engem Artikel vun LCI France no, geet d’Presenz vum Grand-Duc zu Cabasson op d’Zäit nom zweete Weltkrich zeréck. De Generol Charles de Gaulle hat der Grand-Duchesse Charlotte, respektiv Lëtzebuerg, Cabasson deemools zougestanen. Och de Figaro beschreiwt an engem Online-Artikel vum 26te Juli 2019 d’Tour Sarrazine zu Cabasson als lëtzebuergesch Proprietéit: ““Pour se rendre au fort de Brégançon ce week-end, le président de la République empruntera le seul et unique accès: une propriété du grand-duché du Luxembourg. Depuis 1949, le petit État européen est en effet propriétaire de la tour Sarrazine. Cette grande maison est située à Cabasson (près de Bormes-les-Mimosas, dans le Var) en face du fort et dans laquelle la famille ducale aime se rendre chaque été.“” Onkloer ass, zu wéi engem Territoire Cabasson gehéiert, respektiv ob dëst klengt Paradäis Privatbesëtz vun der groussherzoglecher Famill ass oder vum lëtzebuergesche Staat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere Piècen, déi beleeën, datt d’Cour Grand-Ducale oder de lëtzebuergesche Staat den Territoire zu Cabasson vu Frankräich zougesprach krut? Falls jo, ëm wéi eng Dokumenter handelt et sech a wou kann een dës Dokumenter fannen?

  2. Ass den Territoire zu Cabasson franséischen oder lëtzebuergeschen Territoire? 

  3. Den Artikel 44 vun eiser Verfassung gesäit vir: ““Le Palais Grand-Ducal à Luxembourg et le Château de Berg sont réservés à l’habitation du Grand-Duc.“” Misst den Territoire zu Cabasson net hei opgelëscht sinn, wëssend, datt et Grand-Duc sech ëm déi traditionell Summerresidenz vum Grand-Duc handelt?

  4. Existéieren Piècen, déi beleeën, datt de Lëtzebuerger Staat den Territoire vu Cabasson vu Frankräich zougesprach krut? Falls jo, wou kann een dës Dokumenter fannen?

  5. Wéi een nationaalt Recht gëllt op deem besotem Territoire zu Cabasson – dat lëtzebuergescht oder dat franséischt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2661

Continue Reading