Connect with us

Questions parlementaires

Käschte vum Wäschservice an de Fleegeheemer

Wärend a normalen Zäite verschidden Awunner an de Fleegeheemer hier Wäsch duerch ee Familljemember oder Frënn wäsche loossen, hu wärend dem Confinement all d’Awunner Gebrauch misste maache vum zoustännege Service, fir Kleeder a Léngent wäschen ze loossen. Elo ass et esou, datt all Fleegeheem ee Wäschservice zu sengem Präis als Extra ubidde kann. De Code de la Sécurité Sociale, deen d’Assurance Dépendance reegelt, leet am Artikel 350 fest, datt d’Hëllefen „en aides et soins“ vun der Assurance Dépendance iwwerholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Opgelëscht pro Joer, wéi vill Euro sinn tëscht 2016 an 2020 fir Wäscheservicer vun der Assurance Dépendance iwwerholl ginn?

  2. Rembourséiert d’Assurance Dépendance automatesch d’Fleegeheemer oder kënnen d’Awunner op Noweis vun enger bezueltener Rechnung de Remboursement vun der Assurance Dépendance selwer froen? Falls Éischteres de Fall ass, wéi kënnen d’Awunner vun engem Fleegeheem wëssen, wéi eng Servicer vun der Assurance Dépendance iwwerholl goufen?

  3. Ginn d’Käschte fir d’Wäscherei integral an ouni Plaffong vun der Assurance Dépendance iwwerholl oder mussen d’Awunner d’Differenz tëschent dem Plaffong an dem Präis vum Service bezuelen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2620

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert