Connect with us

Questions parlementaires

Net ouni meng Mask – Werbecampagne

„Net ouni meng Mask“, dëst war der Numm vun der Werbecampagne, déi de Gesondheetsministère fir ronn eng Millioun Euro opstelle gelooss huet. Wéi d’Ministere mir a menger Fro n°2333 äntweren, gouf eng Firma domadder beopdrot, dës Campagne ze realiséieren. Opfälleg ass, dass dës Firma direkt Verbindunge mat mindestens enger vun de Regierungsparteien huet. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi verdeelen sech déi 1.132.263,38€ Ausgaben op • d’Konzeptioun? • d’Diffusioun? • d’Publicitéit? • d’Kommissioun vun der Agence?

  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt et sech bei dëser Agence ëm eng Firma handelt, déi an der Walcampagne 2018 vun der d’LSAP Opträg krut? (Quell: https://www.adada.lu/2018/12/michel-strotz-et-karim-youssef-creent-lagence-neon-marketing-technology/)

  3. Firwat krut grad dës Firma den Optrag vun der Regierung? 

  4. Ugesiichts den aktuellen Informatiounen, wéi schléisst d’Regierung aus, dass et zu Favoritismus an dësem Fall komm ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2548

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert