Motiounen
Mei Informatiounen a Saachen Covid un d’Gemengen
Context:Projet 7768
D’Deputéiertechamber stellt fest:
- d’Infektiounszuelen op lokalem Niveau séier kënnen no ënnen oder no uewe schwanken;
- dass d’Santé all Dag ee Rapport zu den Infektiounszuele verëffentlecht;
- dass d’Maison Relaisen an d’Crèchen oft vun de Gemenge verwalt ginn;
- dass bei erhéichten Infektiounszuelen an enger Betreiungsstruktur séier muss gehandelt ginn;
Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:
- dass d’Gemengeresponsabel all Woch ee Rapport mat Informatiounen zu dem Infektiounsgeschehen an hirer Gemeng kréien, an och informéiert ginn, sollten Infektionsketten an der Gemeng optauchen.
Continue Reading