Connect with us

Motiounen

Motioun fir d’Moosse vum CO2 an der Arméi

Context:Aktualitéitsstonn vum 10te Mäerz 2021 iwwert d’Reduktioun vun CO2-Emissiounen

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Den europäesche Green Deal huet d’Ambitioun bis 2050 klimaneutral ze ginn a bis 2030 d’CO2-Emissiounen ëm 55% ze reduzéieren;
  • de Militärsecteur huet mat all sengen Infrastrukturen, dem dreifstoffintensiven Material um Buedem, um Waasser souwéi an der Loft, ee vun den héchsten CO2-Emissiouns-Tauxen op der Welt;
  • Et ass schwéier, eng genee Schätzung vum CO2-Ofdrock vum Militärsecteur ze kréien, well d’Zuelematerial fir d’Produktioun souwéi dem Asaz vu Krichsmaterial net existéieren a vill Zuelen nëmme kënne geschat ginn;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. dass d’Lëtzebuerger Arméi eng Evaluatioun vun hirem CO2-Ausstouss maache soll an dësen, ënnert der Konditioun an der Beschränkung, dass dës Donnéeën net déi national Sécherheet a Gefor bréngen, am Detail soll verëffentlechen.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert