Connect with us

Motiounen

Motioun CO2-Reduzéierung an der Aviatioun

Context:Aktualitéitsstonn vum 10te Mäerz 2021 iwwert d’Reduktioun vun CO2-Emissiounen

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Den europäesche Green Deal huet d’Ambitioun bis 2050 klimaneutral ze ginn a bis 2030 d’CO2-Emissiounen ëm 55% ze reduzéieren;
  • Den Aviatiouns-Secteur produzéiert 3,8% vun de gesamten EU-Emissiounen, dovun eleng 13,8% am Transportwiesen, an dëse Montant riskéiert sech bis 2050 ze verdräifachen (Quell: https://ec.europa.eu/clima/policies/transport/aviation_fr), wann d’Politik net reagéiert;
  • Déi meescht Kuerzstreckeflich kéinten duerch ee moderne Reseau u Schnellzuchverbindungen ersat ginn;
  • Et geet net duer, nëmmen op den technologesche Fortschrëtt ze setzen, mee et mussen och gesellschaftlech Efforten a puncto Verzicht gemaach ginn, wéi zum Beispill bei net liewenswichtege Servicer, wéi Kuerzstreckeflich;
  • Zum haitegen Zäitpunkt existéiert tëscht Lëtzebuerg a Paris CDG eng ganz gutt Zuchverbindung mam TGV;
  • An Éisträich gouf d’Decisioun geholl, all Fluchstrecken, déi ënnert 3 Stonne Fuerzäit mam Zuch erreechbar sinn, nom Prinzip „Zug statt Flug“ z’ersetzen;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. dass de Staat, do wou hien Aktionär an engem Verwaltungsrot ass, sech dofir asetzt, dass d’Kuerzstreckeflich am Passagéierverkéier (wéi z.B. LUX-CDG) agestallt ginn, wann eng gutt Zuchverbindung vu manner wéi 3 Stonnen Fuerzäit existéiert.
  2. de Kontakt mat der SNCF ze sichen, fir een direkten Check-in vu Flich, déi vu Paris CDG fortfléien, vun der Lëtzebuerger Gare aus z’erméiglechen, nom Prinzip, wéi en haut schonn a Frankräich ugebuede gëtt: https://easycdg.com/tgv-train-paris-cdg-airport-charlesdegaulle

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert