Connect with us

Motiounen

Motioun fir méi Transparenz beim CO2-Ausstouss vu Fligeren

Context:Aktualitéitsstonn vum 10te Mäerz 2021 iwwert d’Reduktioun vun CO2-Emissiounen

D’Deputéiertechamber stellt fest:

  • Verschidden Online-Buchungsplattforme weise virum Kaf vun engem Fluchticket un, wéi vill CO2-Emissiounen duerch de Passagéier bei sengem Fluch wäerten ausgestouss ginn;
  • Am Sënn vun der Transparenz an am Hannergrond vun enger klimafrëndlecher Mobilitéitspolitik, wär et wichteg d’Passagéier z’informéieren, wat si duerch hire Fluch un CO2-Emissiounen ausstoussen, andeems den CO2-Ausstouss scho virum Kaf vum Ticket op der Online-Plattform ugewise gëtt;
  • An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3446 begréissen Ministere fir Mobilitéit, Ëmwelt a Klima an Energie d’Iddi: „d’Affichéiere vum CO2-Ausstouss um Fligerticket kéint duerchaus nëtzlech sinn, virun allem well de Verbraucher doduerch informéiert a sensibiliséiert gëtt a soumat selwer entscheede kann ob hie bereet ass, besonnesch bei kuerze Strecken, op e méi ëmweltfrëndlecht Transportmëttel zréckzegräifen oder e Supplement um Fluchpräis ze bezuelen, fir den CO2-Verbrauch vum Fliger ze kompenséieren.“;
  • D’Käschten, fir dës Moossnam ze realiséieren, si marginal;

Aus dëse Grënn invitéiert d’Deputéiertechamber d’Regierung:

  1. bei der Buchung vu Fligerticketen zu Lëtzebuerg soll an Zukunft den CO2-Ausstouss vum Passagéier bei der Reservéierung liesbar affichéiert ginn.
  2. och um Fligerticket (digital a Pabeier) soll den CO2-Ausstouss vum Passagéier liesbar affichéiert sinn.

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert