Connect with us

Integratioun

BPI am REVIS

Vill Mënschen hei am Land hunn aus de verschiddensten Ursaache keng Aarbecht. Bei Flüchtlingen ass et oft esou, dass si wéinst der Sproochebarrière, mee och anere Facteuren, et méi schwéier hunn, fir um Aarbechtsmarché Fouss ze faassen.  Associatiounen, déi um Terrain aktiv sinn, bemängele schonn zënter bal engem Joerzéngt, dass d’Integratioun vun de BPIen an éischter Linn duerch d’Aarbecht zoustane kënnt, well d’BPIen hei a Kontakt mat anere Leit kommen, wéi an de Flüchtlingsfoyeren a well se nëmmen duerch Aarbecht hei am Land selbststänneg kënne ginn.  De REVIS ass eng temporär Moossnam, hëlleft hinnen awer net laangfristeg. Et wier dofir wichteg ze wëssen, wéi schnell BPIen eng Méiglechkeet op eng Aarbecht an eiser Gesellschaft kréien. An engem Wort-Artikel vum 9ten Oktober wollt oder konnt de Familljeministère heizou keng Zuele liwweren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill BPIen kréien aktuell de REVIS?

  2. Wéi laang waren BPIen de vergaangengen 8 Joren am REVIS (zënter der Reform vum REVIS)?  Wat sinn d’Moyenne, de Median an de Maximum?

  3.  Falls d’Ministeren dës Zuelen net huet:  • Wéi vill BPIen hunn, opgelëscht pro Joer, nach a Flüchtlingsfoyere gewunnt, wat normalerweis de Fall ass, well se keng Plaz um Wunnengsmaart fannen (well se keng Aarbecht fannen) ? • Wéi huet sech d’Zuel vu BPIen vun 2018 bis 2025 entwéckelt (opgelëscht pro Joer, op den 1te Januar) a wéi vill BPIen waren zu deem Zäitpunkt als Demandeurs d’Emploi bei der ADEM ageschriwwen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3031

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert