Connect with us

Landwirtschaft

Reaktioun op de Fall vun de Mëllechpräisser

Gëschter huet den European Milk Board kommunizéiert, dass den europäesche Mëllechsecteur sech an enger Präiskris befënnt. An enger Rei vun EU-Memberstaate sinn d’Verkafspräisser an de leschte Méint esou staark gefall, dass d’Produktiounskäschten net méi gedeckt sinn. Landwirtschaftsverbänn fuerderen dofir d’Aktivéiere vum Instrument vum fräiwëllege Liwwer­verzicht op EU-Niveau.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert Lëtzebuerg sech op EU-Niveau fir d’Aktivéierung vum Instrument vum fräiwëllege Liwwerverzicht oder aner Moossnamen asetzen, a falls jo, a wéi enger Form?

  2. Wat fir konkret Moossnamen si national virgesinn, fir d’lëtzebuergesch Betriber an dëser Situatioun ze ënnerstëtzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3630

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert