Questions parlementaires
Steierlech Benodeelegung beim ëffentleche Virkafsrecht
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3984 huet de Finanzminister preziséiert, datt de Gewënn beim Verkaf vun enger Immobilië un de Staat, eng Gemeng oder aner ëffentlech Acteuren nëmmen ënner bestëmmte Konditioune ganz steierbefreit ass. De Minister erklärt, dass dës Steierbefreiung gëllt, wann d’Immobilië zum steierleche Privatverméige gehéiert huet an d’Transaktioun net op d’Ausübe vun engem gesetzleche Virkafsrecht zeréckgeet. Aanechters gedréint: wann de Staat op säi Virkafsrecht zeréckgräift, da kritt de Verkeefer keng Steierbefreiung. Dorauser schléisst een, dass ee Verkeefer, deem seng Immobilie vun enger ëffentlecher Instanz opkaaft gëtt, steierlech aneschters behandelt gëtt, wéi een, wou de Staat säi Virkafsrecht net zitt. Et gëtt eng Ënnerscheedung gemaach, jee nodeem ob et sech ëm en direkte Verkaf un de Staat oder ëm eng Transaktioun am Kader vun engem gesetzleche Virkafsrecht handelt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wat ass déi steierlech a politesch Begrënnung dofir, datt d’Steierbefreiung net applicabel ass, wann eng ëffentlech Instanz hiert gesetzlecht Virkafsrecht ausüübt?
Ass d’Regierung der Meenung, datt dës Differenzéierung tëschent engem direkte Verkaf an engem Verkaf am Kader vum Virkafsrecht gerechtfäerdegt ass, wann d’Immobilië schlussendlech a béide Fäll un d’ëffentlech Hand iwwergeet?
Gesäit d’Regierung an, dass dës Reegelung Proprietären am Fall vum Virkafsrecht finanziell benodeelegt?
Wäert d’Regierung Ännerungen un dëser Reegelung virhuelen, fir d’Steierbefreiung gesetzlech och op Fäll auszebauen, an deenen de Staat, eng Gemeng, e Gemengesyndikat oder aner ëffentlech Acteuren hiert gesetzlecht Virkafsrecht ausüben?
QP Nummer 4692
