Questions parlementaires
Sécher Nuetsmobilitéit
Am Juli 2025 huet d’Regierung d’Entscheedung geholl, fir den Nuetstransport beim TICE anzestellen. Domat ass an de Südgemengen eng Méiglechkeet ewechgefall, fir owes an nuets ouni Auto tëscht den Uertschaften ënnerwee ze sinn. Kommunal Nuetsbusser kënnen dës Offer net iwwerall gläichwäerteg ersetzen, well si dacks net déi selwecht Strecken, Frequenzen oder Uschlëss ubidden. No engem déidlechen Accident an der Nuecht tëscht Schëffleng a Keel stellt sech d’Fro, wéi eise Staat d’Sécherheet vu jonke Leit an nuechts schaffende Persounen garantéiert, wann owes oder nuets keng passend Busverbindung méi besteet. Et ass tragesch, dass et zu engem Accident komme muss, fir dass d’Politik sech déi richteg Froen stellt an déi richteg Handlungen hëllt. Grad fir Jugendlecher a Persounen ouni Führerschäin, ouni Auto, Persounen, déi nuechts schaffen oder Leit mat engem limitéierte Budget ouni Accès op een Taxi ass eng zouverlässeg Nuetsmobilitéit wichteg, fir sécher heemzekommen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng weider Moossname plangt d’Regierung, fir d’Sécherheet op de Fouss- a Vëlosverbindungen tëscht den Uertschaften ze verbesseren, besonnesch op Strecken, wou nuets keng oder nëmme limitéiert ëffentlech Transportoffer besteet?
Wäert d’Regierung mam TICE an de betraffene Gemengen eng besser Offer un Nuechtstransporter opstellen oder wäert dëst iwwert den RGTR gemaach ginn?
QP Nummer 4689
