Connect with us

Questions parlementaires

Notzung vun Traktoren duerch Baufirmen

Gefierer mat enger maximal zougeloossener Vitess vun net méi wéi 40 km/h falen net ënnert déi normal europäesch Reegelen iwwer Lenk- a Rouzäiten (Artikel 3(b) vum EU-Reglement 561/2006).  Dës Reegel mécht Sënn bei landwirtschaftleche Betrieber, wou Traktoren an de meeschte Fäll agesat ginn a wou een 24/7 muss disponibel sinn. Ee landwirtschaftlechen Trakter gëtt haaptsächlech tëscht Bauerenhaff a Felder agesat.,  Et stellt sech d’Fro, ob eng Baufirma, déi een Trakter notzt, domadder Transportaarbechte iwwert méi wäit Distanzen an ëffentlech Stroosen mécht, déi soss mat engem Camion ënner méi streng Reegelen géif falen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënner wéi enge Konditiounen däerfen Baufirmen zu Lëtzebuerg Traktere bis 40 km/h fir gewerblech Transporter op ëffentleche Stroossen asetzen?

  2. Gëllen fir d’Trakoren vun de Baufirmen generell déi selwecht Lenk- a Rouzäiten an d’Fahrtenschreiberflicht, wéi bei engem Camion? • Falls jo: Wéi gëtt verhënnert, datt d’Ausnam aus dem EU-Regelement geziilt benotzt gëtt, fir Transportaarbechten ze maachen, déi soss mat engem Camion méi streng reglementéiert wieren? • Falls nee, wéi ginn d’Aarbechts- a Pausenzäite vun de Chauffere bei de Baufirmen kontrolléiert, wann keen Fahrtenschreiber obligatoresch ass?

  3. Wéi eng Reegelen gëllen • fir d’Unhänger hannert esou Trakteren, besonnesch wat Gewiicht, Bremsen, technesch Kontroll an Umeldung ugeet? • fir d’Ofdeckung an d’Sécherung vu Buedem, Sand, Schotter oder anere lockere Materialien?

  4. Wéi ass d’Situatioun mam Kennzeechen, wann den Unhänger selwer kee Kennzeechen huet an d’Kennzeeche vum Trakter vun hannen duerch den Unhänger komplett verdeckt ass?

  5. Wéi vill Verstéiss goufen bei Traktoren an de leschte Jore festgestallt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4687

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert