Questions parlementaires
Ee waarme Bus trotz 4 Milliarden
D’Politik huet rezent e Finanzement vu ronn 4,4 Milliarden Euro fir de RGTR bis 2038 decidéiert. Bei esou engem massiven Investissement an den ëffentlechen Transport däerf erwaart ginn, dass d’Klimaanlagen einwandfrei funktionnéieren, grad wärend Hëtztwellen. D’Äntwert vun der Mobilitéitsministesch op d’parlamentaresch Fro n°4472 ass net ermutegend, wat de Komfort vun de Passagéier souwéi den Beruffsufuerderungen vun de Buschauffere betrefft. Beispill: wann dobaussen 38 Grad sinn, dann dierf am Bus d’Maximaltemperatur 32 Grad sinn. Ee WORT-Artikel vum 26ten August zitéiert Buschauffeuren zu dësen haarden Aarbechtskonditiounen esou: ““Es ist völliger Unsinn, dass die Leute glauben, wir würden die Klimaanlage aus freien Stücken nicht einschalten. Ohne sie brät man regelrecht. In einem Bus ist es nicht wie in einem Auto. Ein Bus hat ein Volumen von über 20 Kubikmetern. Man öffnet oft die Türen, die Hitze dringt herein. Ab 30 Grad wird es richtig hart! […] Die meisten Fahrer leiden unter Dehydrierungssymptomen, wenn es zu heiß ist und die Klimaanlage nicht funktioniert.“”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Ass d’Regierung der Meenung, dass bei engem ëffentleche Finanzement vu ronn 4,4 Milliarden Euro fir de RGTR bis 2038 vertraglech an operationell garantéiert muss sinn, dass keng Busser mat defekter Klimaanlag wärend Hëtztwellen am regulären Asaz sinn?
Wäert d’Regierung zesumme mat de Bedreiwer an de Sozialpartner e verbindlechen Hëtztwelleplang fir de RGTR ausschaffen, deen ënnert anerem Reservegefierer, Zougang zu Waasser, ugepasste Pausen an adequat Pauseraim um Terminus virgesäit?
QP Nummer 4686
