Connect with us

Questions parlementaires

Sprëtzen am Zuch

An de Waggone vun den CFL sollen am Kader vun engem Pilotprojet Sammelbehälter fir gebrauchte Sprëtzen installéiert ginn. Sou eng Mesure werft awer Froe vill Froen op iwwert d’Drogepolitik an d’Aarbechtsbedingunge bei den CFL. Zich sinn u sech keng Plazen, an deenen Drogen dierfe konsuméiert ginn. Fir d’Personal, dat net an der sozialer Begleedung vun Drogenofhängegen ausgebilt ass, kann dës Moossnam och problematesch ginn an et bestinn och Bedenke fir d’Sécherheet vun de Passagéier, 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch bestätegen, dass an CFL-Zich Sammelbehälter fir gebrauchte Sprëtzen installéiert goufen oder wäerte ginn, a falls jo, a wéi villen Zich, op wéi enge Linnen a fir wéi eng Dauer?

  2. Wien ass responsabel fir d’Kontroll an d’Eidelmaachen vun dëse Sammelbehälter a wéi gëtt séchergestallt, datt d’Personal engem Verletzungs- oder Infektiounsrisiko ausgesat gëtt?

  3. Wéi vill gebrauchte Sprëtze goufen an den CFL-Zich an de Joren 2023 bis 2026 fonnt?

  4. Sinn esou Behälter och fir den RGTR-Busreseau oder Luxtram geplangt? Falls nee, firwat just bei den CFL?

  5. Op wéi engen aneren ëffentleche Plazen am ëffentlechen Transport sinn esou Sammelbehälter ze fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4667

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert