Connect with us

Questions parlementaires

Notzung vun CGDIS-Uniformen fir politesch Zwecker

Den CGDIS ass eng onofhängeg Verwaltung, déi ënnert der Tutelle vum Inneministère steet. Dëse Status sollt fir eng politesch Onofhängegkeet an Neutralitéit vun de Rettungsdéngschter suergen, wat och d’Vertraue vun der Bevëlkerung an d’Effikassitéit vu senger Aarbecht ënnerstëtzt. Reegelméisseg ginn et awer Biller a Videoen, op deene Politiker mat CGDIS-Personal, -Material oder -Gebaier poséieren – zum Beispill bei Pompjeesfester, Aweiunge vu Kasären oder aneren ëffentleche Manifestatiounen. An anere Länner huet dëst Thema scho fir Kontroverse gesuergt, zum Beispill a Sachsen-Anhalt, wou Membere vun enger Freiwilligen Feuerwehr an Uniform an Déngschtgefier sech mat engem Spëtzekandidat vun enger Partei fotograféiere gelooss hunn, wat de betraffene Buergermeeschter ëffentlech kritiséiert huet. Zu Lëtzebuerg gëtt et bis elo keng Kloerheet doriwwer, wéi eng Reegele fir den CGDIS an dësem Beräich gëllen – souwuel fir eege Membere wéi och fir Politiker:innen, déi de Kontakt mam CGDIS fir hir Kommunikatioun notze wëllen.  Den Artikel 232bis vum Code pénal gesäit awer Prisongsstrofe vir, wann een d’Symboler vun ëffentleche Verwaltunge vun ëffentleche Verwaltunge mëssbraucht, dorënner och fir Publicitéit.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Existéiere beim CGDIS Reegelen, déi festleeën, ob a wéi CGDIS-Memberen an Uniform oder mat Déngschtmaterial fir Fotoen oder Videoe mat politeschen Acteuren dierfe poséieren?

  2. Wéi ass d’Benotzung vum Numm, Logo, Material, Gefierer oder Gebaier vum CGDIS fir d’politesch Kommunikatiounen oder fir Walcampagnë gereegelt? 

  3. Wéi gëtt sécher gestallt, datt d’Participatioun vum CGDIS u Manifestatiounen mat Politiker net als politesch Ënnerstëtzung interpretéiert ka ginn?

  4. Goufen et an der Vergaangenheet Fäll, wou den CGDIS oder de Ministère intervenéiert sinn, well den Numm, de Logo, Material, Gebaier oder Personal vum CGDIS am politesche Kontext benotzt goufen?  Falls jo, ëm wéi vill Fäll geet et a wéi gouf reagéiert?

  5. Wéi oft gouf den Artikel 232bis vum Code pénal an de leschten 10 Joren ugewannt a wéi vill Mol beim CGDIS?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4666

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert