Connect with us

Questions parlementaires

Visite vun der Mobilitéitsministesch an der Belsch

D’Mobilitéitsministesch war rezent op enger Aarbechtsvisite an der Belsch, fir do mat de lokalen Autoritéiten iwwert d’Entwécklung vum grenziwwerschreidendem Transport ze schwätzen, notamment vum Zuch.  Op ville Fotoen ass d’Ministesch op de Garen souwéi an engem Zuch ze gesinn. D’Mobilitéitsministesch huet esou op de soziale Medien wëllen duerstellen, wéi wann si just den Zuch fir dës Rees geholl hätt. Laut Informatiounen vu Leit, déi bei dëser Déngschtrees dobäi waren, wieren d’Ministesch an hir Equipe awer net mam ëffentlechen Transport ënnerwee gewierscht, esou wéi d’Fotoen et géife menge loossen, mee mat hirer Déngschtlimousine. Wann d’Regierungsmemberen mat esou Biller fir den ëffentlechen Transport werben, da stellt sech d’Fro, wéi konsequent si dann bei offizielle Visiten och op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, wann dëst einfach a praktesch méiglech ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Mobilitéitsministesch fir dës offiziell Visitt an der Belsch mam Zuch, respektiv mam ëffentlechen Transport, gereest?

  2. Mat wéi engem Transportmëttel hunn d’Ministesch an hir Equipe dës offiziell Rees gemaach?

  3. Kann Ministesch bestätegen, dass zu kengem Moment hier Déngschtlimousine op dëser Déngschtrees an der Ëmgéigend war?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4750

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert