Connect with us

Questions parlementaires

Spuerplang a Finanzsituatioun op der Uni.lu

 D’Universitéit Lëtzebuerg gëtt finanziell vum Staat ënnerstëtzt, fir senger Fuerschungs- a Bildungsmissioun gerecht ze ginn. Insgesamt wäerte bis 2029 ronn 1 Milliard Euro an d’Uni.lu investéiert ginn.  D’Äntwert op meng virëg parlamentaresch Fro n°4004 weist, datt d’Ausgaben an de Personalbestand vun de Fakultéiten an den interdisziplinären Zentre vun der Universitéit Lëtzebuerg sech an de leschte Joren ënnerschiddlech entwéckelt hunn. Tëscht 2023 an 2025 sinn d’Ausgabe vum SnT ëm ronn 9,1 Milliounen Euro an déi vun der FSTM ëm 7,4 Milliounen Euro geklommen. Zesumme hunn also eleng dës zwou Entitéite fir ronn zwee Drëttel (67%) vun der Erhéijung vun den Ausgabe profitéiert am Verglach zu den Fakultéiten an Entitéiten.  Dogéint sinn d’Ausgabe vun der FDEF vun ongeféier 33,0 op 32,6 Milliounen Euro zeréckgaangen an dëst, obwuehl Lëtzebuerg eng vun de gréisste Finanzplazen op der Welt ass (Plaz 17 nom rezente Global Financial Centres Index) an d’Regierung stänneg betount, dass si eis Finanzplaz attraktiv hale wëll. Zousätzlech zu den Zuelen aus der Äntwert weisen d’Joreskonte vun 2025 an d’Rapporte vum Conseil de Gouvernance eng Verschlechterung vun der Finanzsituatioun vun der Universitéit Lëtzebuerg.  Mengen Informatiounen no wäert d’Uni bis 2029 Spuermoossnamen ëmsetzen, déi schlecht Auswierkungen op d’Personal an d’Fuerscher:innen wäerten hunn.  Gläichzäiteg zaapt de Conseil de Gouvernance zënter Joren un de finanzielle Reserve vun der Uni, fir den aktuelle Budget ze finanzéieren. Zënter 2023 sinn déi Reserven ëm 50 Milliounen erofgaangen a bis 2029 sollen nach eng Kéier 40 Milliounen ugezaapt ginn.  Bis d’Budgetsjoer 2029 hätt d’Uni hätt d’Uni da bannent 6 Joer ronn zwee Drëttel vu senge Reserven eidel gemaach (90 Milliounen Euro), wat méi ass wéi de Käschtepunkt vum Lëtzebuerger Stadion zu Gaasperech. Trotz der massiver Notzung vun de Reserven ass dem Personal net gehollef: d’Spuermoossnamen kéinten dozou féieren, dass vill Leit hir Aarbecht op der Uni verléiere kéinten. Domadder verléiere mer Talenter, Fuerscher an Aarbechter, déi wichteg fir eist Land sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. 1. Wéi eng Spuermoossname si fir d’Joren 2026 bis 2029 pro Fakultéit, interdisziplinären Zentrum an der zentraler Verwaltung gefuerdert oder geplangt?  2. Wéi gëtt bei de Spuermoossnahmen d’Qualitéit vun der Léier, d’Grondlagefuerschung an d’Perspektive fir jonk Fuerscher an all Fakultéit geschützt?  3. No wéi enge Krittäre ginn d’Spuerefforten verdeelt, besonnesch tëscht der FDEF, dem IAS an dem LCEL?

  2. 1. Kann d’Ministesch no Fakultéit an no Joer opschlësselen, wéi d’Personalbestänn sech bis 2029 sollen entwéckelen? 2. Wéi vill befrist Kontrakter, déi aktuell mam Personal bestinn, wäerten net verlängert ginn?

  3. 1. Goufen 2024 an 2025 Suen aus der Reserven gezunn, fir Ausgaben aus dëse Budgeten ze finanzéieren a falls jo, ënnerstëtzt d’Regierung dës Method? 2. Fir wéi eng Ausgaben goufen d’Reserven aus dëse Joren genotzt? 3. Wéi sollen déi operationell a statutaresch Reserven vun der Uni sech bis 2029 entwéckelen? Aanechers gefrot: wéi eng Montanten sollen 2029 nach um Konto stoen? 4. Wéi eng Moossname sollen d’Finanzéierung vun der Universitéit bis 2029 an doriwwer eraus ofsécheren, a wéini gëtt e Budget ouni Notzung vun de Reserven erwaart?  5. Wéi erkläeren d’Ministesch an d’Verantwortlech vun den Unisfinanzen, dass trotz dem Spuerplang déi finanziell Reserven esou massiv ugezaapt ginn? 6. Ass d’Ministesch der Meenung, datt den Index den Haaptgronn fir de Réckgang vun de Reserven ass? Falls jo, kann si dëst unhand vun Zuehlen erklären? 7. Wäert d’Regierung déi staatlech Finanzéierung erhéijen, fir dass d’Universitéit säi Budget net weider iwwert d’Reserven finanzéiere muss? 

  4. 1. Huet de Regierungsrot dem Conseil de Gouvernance d’Decharge fir d’Budgetjoren 2024 an 2025 ginn, sou wéi den Artikel 57 vum Gesetz et virgesäit?  2. Huet d’Regierung op dësem Punkt Bedenken oder Korrekturen iwwert d’Notzung vun de Reserven oder dee laangfristege Finanzéierungsplang vun der Universitéit formuléiert?  3. Wéi gouf Finanzéierbarkeet vun de massiven Ausgabenerhéijunge beim SnT an der FSTM (+67%) am Viraus bewäert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4992

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert