Connect with us

Questions parlementaires

Duebelbesteierung mat Däitschland

Am Kader vun der Petitioun n°2982 hat de Finanzminister a senger Äntwert vum 13te Mäerz 2024 bestätegt, datt tëschent Lëtzebuerg an Däitschland keen Duebelbesteierungsofkommes am Beräich vun den Ierfschaften existéiert. Doduerch kann et bei grenziwwerschreidenden Ierfschaften zu enger Besteierung a béide Länner kommen. Vill Leit, déi hei zu Lëtzebuerg gelieft hunn, sinn an de leschte Jorzéngten op déi däitsch Grenz wunne gaangen. Vill Mënschen sinn och wéinst den héije Wunnengspräisser hei am Land iwwert d’Grenz wunne gaangen. Och wann déi däitsch Gesetzgebung verschidden Abattementer an d’Urechnung vun auslänneschen Ierfschaftssteiere virgesäit, kann dës Situatioun fir betraffe Familljen eng finanziell Belaaschtung duerstellen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Entwécklungen a Fortschrëtter goufen et beim Duebelbesteierungsofkommes mat Däitschland zënter der Äntwert op d’Petitioun n°2982 am Joer 2024, notamment am Beräich vun der Ierfschaften? 

  2. Wéi ass de Stand vun den europäeschen Initiativen an dësem Beräich?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5049

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert