Connect with us

Questions parlementaires

Onausräichend Assurance beim Totalschued vun Autoen

Wann een en Autosaccident mat sengem Gefier huet, da gräift an deene meeschte Fäll eng Versécherung, mat där d’Käschte vun der Reparatur vun der Assurance iwwerholl ginn.  Bei gréissere Schied, gëtt een Expert genannt, deen de Schued beziffere soll. Hei kann et virkommen, dass den Expert den Auto als wirtschaftlech irreparabel erkläert, well et sech wirtschaftlech net lount, fir den Auto flécken ze loossen, well d’Käschte vun de Reparature méi héich sinn, wéi den Auto einfach z’ersetzen.  De Wäert, deen an esou Fäll an engem Experterapport festgehale gëtt, beaflosst d’Astufung vum Auto als « économiquement irréparable » wéi och d’Entschiedegung, déi de Versécherte kritt. An eisen Nopeschlänner ass et an dëse Fäll esou, dat de Referenzwäert sech um lokalen Autosmarché orientéiere muss. Dëst bedeit, dass ech fir de futtissen Auto de Maartpräis erëmkréien. Zu Lëtzebuerg schéngt et allerdéngs esou ze sinn, dass bei der Estimatioun vum Wäert vun engem Auto oft d’Präisser aus dem Ausland fir d’Bewäertung geholl ginn. Dobäi ass bekannt, dass d’Präisser um Lëtzebuerger Marché awer oft däitlech méi héich sinn.  Dëst bréngt mat sech, dass de Proprietär vum Gefier bei der Entschiedegung méi schlecht ewech kënnt mat de Suen, déi hie vun der Assurance kritt. Fir d’Assurance an den Expert, dee vun der Assurance genannt gëtt, besteet mat dësem Mechanismus och ee finanziellen Ureiz, fir an esou Fäll een Auto éischter als „wirtschaftlech irreparabel“ anzestufen.  Dësen Ureiz ass am Nodeel vum Konsument (Assuré), deen op de méi héich Käschte sëtze bleift, déi net vun der Assurance iwwerholl ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng legal Reegele gëllen zu Lëtzebuerg fir d’Bestëmmung vum Ersatzwäert vun engem Auto am Kader vun enger Deel- oder Vollkaskoversécherung? 

  2. Wéi eng legal Reegele gëllen zu Lëtzebuerg fir d’Bestëmmung vum Ersatzwäert vun engem Auto am Kader vun enger Deel- oder Vollkaskoversécherung, wou d’Schold erwisenermoosse duerch eng Drëttpartei zustane komm ass?

  3. Wéi ee Referenzwäert gëtt an esou Fäll genotzt a wéi muss e Montant vum Remboursement berechent ginn? 

  4. Muss den Expert de Käschtepunkt vun de Reparature genee beleeën an opschlësselen?

  5. Gëllt, am Fall wou en Auto vum Expert als wirtschaftlech irreparabel agestuuft gëtt, wéi an Däitschland, d‘130 Prozent-Reegel (dozou: https://ihr-gutachten.com/130-regel-was-ist-zu-beachten/), wou no een Auto réischt dann als irreparabel agestuuft gëtt, wann d’Reparaturen 30 Prozent iwwert dem Wäert vum Auto virum Accident leien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5048

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert