Connect with us

Questions parlementaires

Iwwerbeleeung am Prisong zu Suessem – wéi ass et mam Ausbau?

De Prisong um Uerschterhaff zu Suessem stéisst un d’Grenze vu senger Kapassitéiten.  Fir d’Iwwerbeleeung ze meeschteren, soll elo d’Unzuel u Better op 3 Stéck pro Prisongszell erhéicht ginn.  Am RTL-Interview vum 10te November 2026 huet d’Ombudsman op d’Iwwerbeleeung an de Lëtzebuerger Prisongen opmierksam gemaach. Si huet dobäi och op d’Sécherheetsproblemer an d’Tensiounen higewisen, déi duerch dës Situatioun entstoe kënnen.  Den Engagement vun Giischtercher verdéngt gesellschaftleche Respekt an Unerkennung. All Dag suergen si fir d’Sécherheet an de Prisongen an d’Wuehlbefannen vun de Prisonnéier. An anere rezente Presseartikelen gouf déi schwiereg Situatioun vun de Giischtercher thematiséiert, déi oft mat Konfliktsiutatiounen a kierperlecher Gewalt konfrontéiert sinn. Elo schonns besteht ee Mangel u Prisongspersonal an de Betrieb leeft zum Deel nëmmen nach wéinst dem zousätzlechem Engagement vum Personal, dat op Rouhdeeg verzicht an um Kapazitéitsminimum schafft. D’Erhéijung op 3 Prisonéier pro Prisongszell ännert d’Sécherheetssituatioun vum Personal zousätzlech. Et erginn sech aner Situatiounen, wann ee Giischtchen an eng Zell erageet, wou 3 Prisonnéier ënnerbruecht sinn wéi wann 1 oder 2 Prisonnéier dra sinn.  Et stellt sech dofir och alt nees d’Fro, wéi eng Méiglechkeete fir den Ausbau vum Prisong bestinn. An der Äntwert op meng Fro n°4129 huet d’Regierung informéiert, dass um Site vum Prisong ee Schéissstand fir d’Police geplangt ass an, dass niewendrun d’WSA wäert ausgebaut ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass am Kader vun der Erhéijung vun der Beleeungskapassitéite vum Prisong zu Suessem och eng personell Opstockung virgesinn?  Falls jo, wéi vill zousätzlech Posten si geplangt a bis wéini sollen dës besat ginn? Falls nee, firwat net?

  2. Wéi eng Terrainen (Parzellen) am direkte Beräich vum Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff gehéieren dem Staat?  Wéi eng vun dëse staatlechen Terraine kéinte fir en Ausbau vum Prisong genotzt ginn?  Wéi eng vun dësen Terrainen si fir eng Notzung duerch d’Arméi oder d’WSA virgesinn?

  3. Hält d’Regierung un hire Pläng fest, fir dem Ausbau vun der WSA Virrang ze ginn, virun engem Ausbau vum Prisong?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5141

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert