News
Ufro fir eng Kommissiounssitzung iwwert den Abroch bei der Police um Findel
Ufro fir eng Kommissiounssitzung iwwert den Abroch bei der Police um Findel
Här President, Ech bieden drëms, fir dëse Bréif un d’Presidentin vun der Kommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten, weiderzeleeden. Wéi de Parquet matgedeelt huet, gouf an der Nuecht vum 16ten op de 17ten November 2026 an d’Gebailechkeete vun der Police judiciaire an der Cité policière um Findel agebrach. Reporter.lu mellt, datt bei dësem Abroch eng Déngschtwaff mat Munitioun geklaut gi soll an datt am betraffene Gebai keng Alarmanlag installéiert gewiescht soll sinn. Ech wéilt dëse Punkt dofir op den Ordre du Jour vun enger nächster Sëtzung vun der Kommissioun setzen an den Inneminister Léon Gloden dozou invitéieren. Ech géif gären Informatiounen zu de gemellte Sécherheetsmängel souwéi eventuelle Mängel an anere Kommissariater an och verstoen, wéi den Accès zu de Policegebaier geséchert ass, a wéi eng Moossnamen no dësem Abroch geholl ginn, fir dass esou eppes net méi virkënnt.
