Questions parlementaires
Sozialhëllef a Fäll vun Haft
Lëtzebuerger Awunner, déi a schwiereg Liewenssituatioune kommen a finanziell net méi fir sech selwer suerge kënnen, hunn ee Recht op staatlech finanziell Hëllefen, wéi de REVIS oder och d’Hëllefe vun engem Office social. D’Gesetz iwwert d’Sozialhëllef vum 18te Dezember 2009 an d’Gesetz vum 28te Juli 2018 iwwert de REVIS leeë fest, wien vun dësen Hëllefen profitéiere kann a wien net. Béid Gesetzgebunge gesinn, ënner Anerem, Aschränkunge fir Persoune vir, déi an Untersuchungshaft sëtzen oder eng Fräiheetsstrof ofsetzen. De Wuertlaut a béide Gesetzer ass awer ënnerschiddlech an et gëllen ënnerschiddlech Reegelen: Fir d’Offices sociaux gëllt „la personne qui fait l’objet d’une mesure de détention préventive ou d’une peine privative de liberté, sauf pendant la période d’un congé pénal.“ a fir de REVIS gëllt „fait l’objet d’une mesure de détention préventive ou d’une peine privative de liberté, sauf pendant la période où elle est soumise au régime de la semi-liberté ou qu’elle bénéficie d’une suspension de l’exécution de la peine, d’une libération conditionnelle ou d’un placement sous surveillance électronique tel que prévu aux articles 107, alinéa 3, et 688 et suivants du Code de procédure pénale ;“.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann eng Persoun, déi wéinst enger Strofdot rechtskräfteg verurteelt gouf, ouni eng Prisongsstrof ofzesetzen, weiderhin déi finanziell Hëllefe vun engem Office social kréien?
Kann eng Persoun, déi wéinst enger Strofdot rechtskräfteg verurteelt gouf, ouni eng Prisongsstrof ofzesetzen, weiderhin déi finanziell Hëllefe vum REVIS profitéieren?
Firwat gëtt bei de Krittäre betreffend de Prisongsstrofen a béide Gesetzer een Ënnerscheed gemaach?
Ass de Minister der Meenung, dass een de Wuertlaut vu béiden Texter op deem Punkt gläich setze misst?
QP Nummer 5159
