Connect with us

Mobilitéit

Autonoomt Fueren

Tesla huet offiziell d’europäesch Zoustëmmung fir säi komplett autonoomt Fuersystem (FSD) fir Ufank 2026 ugekënnegt, andeems se sech op vermeintlecht Versprieche vun der hollännescher Autosregistréierungsautoritéit RDW beruffen. D’Autoritéit ass awer net averstanen a kritiséiert den ëffentlechen Opruff vun Tesla.  Aktuell ginn an Däitschland Testfaarten op präparéierte Strecken an awer och a reellen Trafficssituatiounen organiséiert an duerchgefouert.  Et ass e komplext Thema, besonnesch wann et och dorëms geet wéi vill ee vum Potential vun dëser Technik notze well. Zum Beispill stellt sech d’Fro op e Fuerer muss dobäi sinn, oder op ee komplett autonoomt Fueren zouléisst, wéi et zum Beispill an den USA mat de Robotertaxien de Fall ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi gesäit d’Situatioun zu Lëtzebuerg aus ? Wéi steet d’Regierung zu der Léisung vum kompletten autonome Fueren an der Léisung vum superviséierten autonome Fueren ? 

  2. Gëtt et en Echange mat Tesla a ginn et éischt Versich déi geplangt sinn ? 

  3. Sinn Robotertaxien eng technesch Léisung déi een bis 2028 zu Lëtzebuerg plangt ze erlaaben?  A falls net, aus wéi engem Grond ?  

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert