Questions parlementaires
Satellite fir d’Ukrain
Starlink ass ee Satellitesystem, dat zënter dem Ufank vun der russescher Invasioun fir d’Verdeedegung vun der Ukrain genotzt gëtt an dem Land gehollef huet, fir net digital komplett ofzebriechen. Den Elon Musk, Besëtzer vu Starlink, huet rezent ugedeit, dass ouni de Starlink d’Verdeedegung vun der Ukrain géif zesummebriechen an domadder méi oder manner direkt dem Land gedrooht, fir de Starlink ofzeschalten. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro am Dezember 2024 hat d’Ministesch geschriwwen, dass d’lëtzebuergesch Satellitten vun der SES nach net operationell wiere fir een Asaz an der Ukrain. A Kommissiounssitzungen hat d’Ministesch och erkläert, dass d’Satellitekapassitéiten och fir d’Ukrain kéinte genotzt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Ass den neie lëtzebuergesche NEO SES Satellit schonn am Asaz a wieren, am Fall vun enger Ofschaltung vu Starlink, Kapassitéiten fräi, fir d’Ukrain mat Satellitekommunikatioun z’ënnerstëtzen?
QP Nummer 2061