Connect with us

Questions parlementaires

Schal fir Polizisten géint Messerattacken ze schützen

An der däitscher Press gëtt beriicht, dass d’Polizist:innen am Saarland an Zukunft wäerte mat engem spezielle Schal equipéiert ginn, deen si viru Messerattacken um Hals schütze soll. Dëst, fir d’Sécherheet vun den Agenten ze verbesseren, nodeems et an der Vergaangenheet Messerattacken op Poliziste gouf.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi bewäert déi lëtzebuergesch Police d’Approche am Saarland?

  2. Wäerten och eis Polizist:innen mat esou engem Schal equipéiert ginn a bis wéini soll dëst geschéihen? Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1280

Continue Reading