Connect with us

Questions parlementaires

Remboursement vu Formatiounen bei der ADEM

Leit, déi bei der ADEM eng Aarbecht sichen, kënne Formatioune maachen, fir esou hir Chancen op eng Aarbechtsplaz z’erhéijen. D’Käschte vu verschidde Formatioune ginn direkt vun der ADEM iwwerholl, zum Beispill iwwert ee Vouchersystem, deen ee ka bei enger Organisatioun aléisen.  Fir aner Formatioune bezilt d’ADEM d’Käschten eréischt, wann d’Leit d’Formatioun fäerdeg gemaach hunn. D’Leit mussen an deem Fall d’Geld virstrecken. Heiansdo kaschten dës Formatiounen awer dausenden Euro an d’Leit hunn dat Geld dann net a sëtzen an der Zwéckmillchen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng Léisunge bitt d’ADEM de Leit, déi an der uewe beschriwwener Situatioun sinn?

  2. Kéint d’ADEM hei net och d’Käschte vun der Formatioun direkt virstrecken?  Falls nee, besteht dann net d’Méiglechkeet, dass d’ADEM ee Pabeier ausstellt, mat deem d’Leit op mannst kéinten ee Kredit op enger Bank ophuelen, fir hir Formatioun kënnen ze bezuelen an d’Suen duerno vun der ADEM rembourséiert ze kréien?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1431

Continue Reading
Click to comment

Leave a Reply

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert